Vu muer u gëtt et ëmmer méi waarm, de Maximum gëtt e Méinden erreecht. De Risk vun Donnerwieder léisst net laang op sech waarden, besonnesch den Dënschden ass aktuell am Fokus.
Advertisement
Grouss Hëtzt ass net nohalteg
Wéi am ausféierlechen Artikel zur Hëtzt vu gëschter thematiséiert, wäerten déi héchst Temperature net all ze laang zu Lëtzebuerg bleiwen. De Méinde gëtt de Peak erreecht, en Dënschde kann et plazeweis och nach zu héichsummerlechen Temperature kommen. E Mëttwoch sollte mir ënnert den 30°C bleiwen, summerlech bleift et awer trotzdeem. Heescht: Déi grouss Hëtzt bleift net laang, en Enn vun der Summerwiermt ass awer net a Siicht.
Eng éischt Aschätzung vum Donnerwieder-Risk
Am Artikel vu gëschter hate mir och schonn kuerz de Risk vu Wiederen ugeschwat, sinn awer nach net weider drop agaangen. Och elo ass et zwar nach zimmlech fréi, mee en ongeféiert Muster dovun zeechent sech awer schonn of. Wéi jo bekannt ass, ginn d’Loftmassen am Laf vum Méinden ëmmer méi fiicht – haaptsächlech vum Nomëtten un ass domat ze rechnen, dass et immens schmeier gëtt. Dës schmeier Loftmassen huele mir nach mat an den Dënschden eran. Domat hätte mir jo schonn mol eng vun den Zutaten, déi fir potenziell Donnerwieder néideg sinn.
E Bléck an d’Modellrechnunge verréit eis och, dass sech un dësen zwee Deeg eng immens héich “potenziell zur Verfügung stoend Energie” opbaut, och nach CAPE genannt. Dës Wäerter ginn aktuell op tëscht 2700 an 4600 J/kg ageschat, wat fir eis Verhältnisser zimmlech vill ass. D’Kaarten deiten och un, dass den Héichtewand wuel net besonnesch gutt wäert ausgepräägt sinn, wat heescht, dass potenziell Donnerwieder net séier vu Plaz kommen. Dës Erkenntnis, gekoppelt mat Berechnungen déi undeiten, dass der Atmosphär och vill Waasser zur Verfügung steet, léisst drop schléissen, dass un all Zell, déi kann entstoen, och direkt de Risk vu markantem/zolittem Staarkreen a punktuellen Iwwerschwemmunge besteet.
Dëst sinn alles just Potenzialer, déi ouni de richtegen Ausléiser “näischt wäert” sinn. Feelt nämlech den Undriff, da kënnen déi Parameter nach esou héich sinn – geschéie géif net vill. An dësem Fall hei gëtt awer en Undriff berechent, nämlech gesinn d’Modeller sougenannt “Konvergenzzonen” iwwer Mëtteleuropa. Un dëse stréimt d’Loft aus verschiddene Richtungen openeen, wat d’Loftmassen dozou zwéngt, sech ze hiewen. An dësem Fall kann dat elo just beschriwwent Potenzial op d’mannst lokal ausgenotzt ginn, wat ebe fir och mol méi zolitt Entwécklunge ka suergen.
Wéini a wou?
Wéini genee ka natierlech nach kee soen. De Risk ass e Méinden immens geréng, klëmmt en Dënschden awer däitlech. Wou dat geschéie wäert, kann een och nach net ganz genee soen. Fixéiert Iech also elo nach net op d’Fro, ob eist klengt Ländchen eppes trëfft. D’Potenzial besteet awer op alle Fall besonnesch vum Oste vu Frankräich, Schwäiz, an tendenziell déi westlech Hallschent vun Däitschland esouwéi BeNeLux – also och Lëtzebuerg.
Alles anescht ass nach onkloer a muss ofgewaart ginn. Méi, wéi vun engem Potenzial schwätze, kann een elo nach net.