Hëtzt-Update: Nei Modellrechnunge loossen et a Richtung 40 Grad goen

Um Samsden erwaart eis de Peak vun der Hëtzt, dat ass gewosst. An Tëschenzäit ginn et Modeller, déi et net ausschléisse wëllen, dass eis Temperaturen esouguer op iwwer 35 Grad klamme kënnen.

Hëtzt schwappt vu Spuenien eriwwer a Frankräich

De Moment ginn a Spuenien Maximaltemperature vu bis zu 42 Grad gemooss, am Süden a Südweste vu Frankräich sinn et 37 Grad. D’Hëtzt aus Spuenie beweegt sech an de nächsten Deeg weider a Frankräich eran a wäert bis Enn der Woch bei eis zu Lëtzebuerg ukommen. Et steet fest: et gëtt richteg onangenehm waarm, ufälleg Leit sollte sech net der direkter Hëtzt aussetzen. Ustrengend Aktivitéiten am Fräie soll een, wa méiglech, sinn loossen oder staark aschränken.


D’Hëtzt sëtzt iwwert dem Südweste vun Europa an zitt an de nächsten Deeg bis bei eis erop | Grafik: wxcharts.com / Edit: Météo Boulaide

Muer um Mëttwoch ginn iwwer Spuenien erëm bis zu 42 Grad erreecht, iwwer Südfrankräich erëm bis 37 Grad. Et ass also en Dag, un deem sech vum Muster hier nach net all ze vill verännert. Zu Lëtzebuerg ass mat tëscht 26 an 30 Grad ze rechnen, un der Musel a soss an de gréisseren Dierfer/Stied sinn och mol 32 Grad net ausgeschloss. Um Donneschde kënnt d’Wiermt-Blos e gutt Stéck weider an de Nordoste virun: iwwert eng gréisser Fläch iwwer Südfrankräich verdeelt klëmmt den Thermometer op iwwer 35 Grad, ganz lokal kann och schonn un de 39 Grad gekrazt ginn. Zu Lëtzebuerg gëtt et mat 25 bis 30 Grad nach eng Kéier ganz geméissegt a nach méi oder manner agréabel.

An dann kënnt et esou richteg

Nom klenge Récksetzer um Donneschde ginn um Freiden bei wäitem méi héich Wäerter erreecht. Iwwert dem Gros vu Frankräich ass mat tëscht 32 a 37 Grad ze rechnen, iwwert dem Süden a Südweste ginn 38 bis 41 Grad erreecht. Zu Lëtzebuerg si mir mat tëscht 27 an 33 Grad dobäi. Um Samsden ass mat den héchste Wäerter ze rechnen: iwwer Zentralfrankräich klammen d’Temperaturen op 40, lokal esouguer 42 Grad. Iwwer Frankräich ginn et am Allgemenge groussflächeg 35 bis 40 Grad, esouguer am Raum Paräis soll et mat bis ëm 37 Grad immens waarm ginn.


De Peak vun der Hëtzt soll de Samsden erreecht ginn | Grafik: wxcharts.com / Edit: Météo Boulaide

Zu Lëtzebuerg gesäit et fir de Samsden de Moment no 31 bis 36 Grad aus. Laanscht d’Musel, am Raum Ettelbréck souwéi laanscht den äusserste Süde vum Land sinn och mol 37 Grad méiglech. Den däitsche Modell ICON wëll esouguer 38 oder 39 Grad net ausschléissen, mee dat muss mol nach confirméiert ginn.

Um Sonnde soll et mat 24 bis 30 Grad manner waarm ginn, dat begleet vun engem Donnerwiederrisk. Wat dat Thema betrëfft, kann een awer nach keng genee Aussoen treffen. De Sonnde gëtt vun de Modeller nach ganz staark ënnerschiddlech ageschat.