Hinweis: Buedem- a Loftfrascht ze erwaarden

Den Hierscht ass an Tëschenzäit zu Lëtzebuerg ukomm. Net nëmmen am Dag gëtt et net méi grad sou waarem, mee och an de Nuechte ginn d’Temperature méi wäit zréck.

Lokal glaat Stroosse méigleg

An de kommende Nuechte wärt et op den allermeechte Plaatzen opkläre, lokal ass dann och rem Niwwel mat dobäi. Duerch de kloeren Himmel killt et, wéi sëcher scho bekannt ass, besser of. Duerch déi kill Loftmasse kann et um Buedem da gäre mol op de Gefréierpunkt zougoen.

An der Nuecht op den Dënschde si nëmme wéinëg Wollécken ënnerwee, wann iwwerhaapt. Niwwelfelder sinn an den Däller och net auszeschléissen. D’Temperature faalen op 7 bis 4 Grad, virun allem am Norde ginn d’Werter lokal begrenzt op 2 bis 1 Grad zréck. Um Buedem dierften d’Temperaturen op de Gefréierpunkt oder souguer liicht drënner zréckgoe, soudass et lokal unzéie kann.

An der Nuecht op de Mëttwoch fällt och d’Lofttemperatur den aktuelle Berechnunge no op eenzelne Plaatzen am Norden op 1 bis -1 Grad. Am Recht vum Land ass mat 2 bis 6 Grad ze rechnen. Bei dëse Lofttemperature wärt de Buedem op enger Rëtsch Plaatze fréieren, soudass et dann och mol rem unzéie, wa net souguer glaat gi kann. An der Nuecht op den Donnëschde hu mir rem daat selwecht Spill, mee just op eenzel Däller am Norde begrenzt.

Scho gewosst?

De geneeë Verlaaf zu de nächsten dräi Deeg fannt Dir ëmmer am Détail an topaktuell ënnert dësem Link.