Hiweis: An der Nuecht op de Méinden e puer Zentimeter Schnéi méiglech

Nodeems et de vergaangene Méinden op de Koppe fir den éischte Schnéi vun der Saison duergaang ass, deet sech an der Nuecht op de kommende Méinden déi nächst Chance op.

Dës Kéier och fir déi méi niddreg geleeë Géigenden?

Am Laf vum Sonnde léist sech en Déif vum Alperaum a verlagert sech a nërdlech Richtungen. De Kär vum Déif soll bis an de Méinden eran iwwert dem Nordweste vun Däitschland leien a ka net nëmme gréisseren Deeler vum Südweste vun Däitschland Schnéi bréngen, mee och Deeler vu Rheinland Pfalz, dem Saarland, der Äifel an och Lëtzebuerg. Haaptsächlech geroden erëm déi héchst Koppe vum Land an de Fokus, allerdéngs ass et de Modeller no net onméiglech, dass och déi méi niddreg Géigenden den éischte Schnéi vun der Saison ze gesi kréien. Mir ginn déi eenzel Modeller duerch, fir eis en Iwwerbléck ze verschafen.

GFS

Den amerikanesche GFS huet den Donneschde nach iwwerhaapt net mat Schnéi fir de genannten Zäitraum gerechent, wat sech an Tëschenzäit awer geännert huet. E rechent, Stand aktuell domat, dass eis um Sonndenowend géint 23 Auer aus Osten/Südosten e Schnéifallgebitt areecht, wat sech bis de Méindemëtte bei eis hale soll. Ufanks wier haaptsächlech op de Koppe mat Flacken ze rechnen, an der Nuecht selwer kéint et och bis méi wäit erof wanterlech ginn. Wat d’Quantitéiten ugeet berechent de Modell bis ëm 10 cm op den héchste Koppe, soss ass mat engem dënne Flom bis hin zu 2 cm ze rechnen.


D’Schnéiquantitéiten dem GFS no | Grafik: wxcharts.com

ECMWF

Den europäeschen ECMWF rechent och um spéidere Sonndenowend géint 22/23 Auer domat, dass eis aus Osten e Nidderschlagsgebitt areecht. Duerch Temperaturen, déi zu dësem Zäitpunkt tëscht viraussiichtlechen -1 an 1 Grad leie solle, kann dëse Schnéi op enger Rëtsch Plazen als Schnéi erofkommen. Am Fokus steet awer weiderhin éischter alles, wat zu den héchste Koppe vum Land zielt. Berechent gi Schnéihéichte vu bis ëm 10 cm a knapp driwwer am äusserste Norden op iwwer 500 Meter, de Rescht vum Norden hätt et mat 1 bis 4 cm ze dinn. Méi wäit am Süde géif et gréng bleiwen, héchstens mol en dënne Flom wier méiglech.


D’Schnéiquantitéiten dem ECMWF no | Grafik: wxcharts.com

ICON

Den däitschen ICON schätzt d’Situatioun bëssen anescht an a rechent domat, dass eis de Reen eréischt an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Méinden areecht. Et géif dann och nëmmen op Koppen, déi op iwwer 480 bis 500 Meter leien, wäiss ginn. Berechnen deet de Modell ëm 2 cm op de Koppe, soss solle mir am Gros vum Rescht vum Land awer eidel ausgoen.


D’Schnéiquantitéiten dem ICON no | Grafik: wxcharts.com

ARPEGE

Den optimisteschste Modell ass erëm de franséischen ARPEGE. Géint 22 Auer un soll et aus ëstleche Richtungen no a no ëmmer méi oft schneien, souguer d’Muselgéigend kéint dobäi wäiss ginn. De Schnéifall géif sech am ganze Land bis an de fréie Méindemëtten eranzéien, ier et méi dréche gëtt. D’Schnéiquantitéite solle sech dësem Modell no groussflächeg op tëscht 3 a 7 cm belafen, op den héchste Koppe sinn och bis zu 10 cm oder driwwer méiglech.


D’Schnéiquantitéiten dem ARPEGE no | Grafik: wxcharts.com

Fazit:

Wann een elo aus dëse Modellrechnungen op e gemeinsame Nenner probéiert ze kommen, da gesäit et fir de Moment esou aus, wéi wann de Schnéi an der Nuecht op de Méinden zimmlech warscheinlech wier. Just muss ee mat de Schnéiquantitéite nach e bësse virsiichteg sinn. Déi gréisst Zommen wieren op alle Fall erëm op de Koppen ze erwaarden, fir déi méi déif Géigende kéint et erëm méi knapp ginn – mee viraussiichtlech net esou knapp wéi de vergaangene Méinden, well d’Onsécherheeten do nach méi grouss waren an d’Konditiounen och net déi bescht. Dir gitt zu dësem Thema um Lafende gehalen! Et kann een awer elo schonn en Hiweis viru glate Stroossen an der Nuecht op de Méinden an och vum Méindemoie bis an de Méindemëtten eran ausschwätzen.