Hiweis: Eis steet eng immens waarm Nuecht un

D'Nuecht op de Sonnde gëtt op ville Plazen eng, déi ee net gutt schlofe léisst. Et killt net wierklech of.

Tropesch Nuecht ze erwaarden

Iwwerdeems dësen Artikel geschriwwe gëtt, erreecht den Thermometer zu Beetebuerg 36,6 Grad. Och soss ass et iwwerall am Land mat méi wéi 30 Grad héichsummerlech, d’Maximalwäerter leien tëscht 33 a 36 Grad. An de nächsten 1 bis 2 Stonne kënne nach 37 Grad, eventuell esouguer 38 Grad, erreecht ginn.

An der kommender Nuecht verlagere sech déi waarm Loftmasse weider a Richtung Nordosten a wäerte sech muer nach méi iwwer gréisseren Deeler vun Däitschland breetmaachen a fir immens héich an iwwerduerchschnëttlech Temperature suergen. Iwwer Nuecht killt et zu Lëtzebuerg net wierklech gutt of, et ass mat enger Tropenuecht ze rechnen. Ënnert enger Tropenuecht versteet een de Phänomen, dass d’Lofttemperatur tëscht 18 a 6 Auer UTC net ënner 20 Grad fält.


D’Minimaltemperaturen dem ICON-Modell no | Grafik: wxcharts.com

D’Warscheinlechkeet fir esou eng tropesch Nuecht besteet besonnesch an der Südhallschent vum Land: laanscht d’Musel, mee awer och am Südweste vum Land mee och am Raum vun der Haaptstad soll et grad emol op tëscht 20 a 24 Grad zréckgoen. An der Nordhallschent bleift et och zimmlech waarm, d’Warscheinlechkeet vun enger Tropenuecht ass awer éischter am Raum Ettelbréck erhéicht. Do gi punktuell 22 Grad berechent, iwwerdeems d’Wäerter soss gréisstendeels op tëscht 16 an 21 Grad sollen zréckgoen.

Muer um Sonnden ass op e Neits mat summerleche bis héichsummerlechen Temperaturen ze rechnen. 26 bis 34 Grad ginn erreecht, lokal eventuell och erëm bis zu 35 Grad.