Hiweis: Markant Hëtztwëll fir déi nächst Woch gëtt ëmmer méi warscheinlech

An de Medien dauchen ëmmer méi oft Iwwerschrëften mat "bis zu 40 Grad" op. Wat ass do drun? Wat ass den aktuelle Stand an op wat kann ee sech astellen?

Keng flott Aussiichte fir d’Natur

Ier mir op den eigentleche Contenu iwwerginn, muss schonn mol gesot ginn, dass et keng wierklech gutt Zäit fir d’Natur wäert ginn. Zu den ëmmer méi waarmen Deeg gesellt sech och nach eng ëmmer méi staark Dréchent – och déi ganz nächst Woch iwwer si nämlech keng all ze nennenswäert Nidderschléi an de Modellkaarten ze gesinn. Dëse Mount huet et op ville Plaze nach guer net gereent an dat kéint nawell nach eng gutt Zäit esou bleiwen. Méi Informatiounen iwwert de Reendefizit fannt Dir an dësem Artikel.

Eng Hëtztwell kënnegt sech un

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass deen Modell, deen am wäitsten an d’Zukunft kucke kann. Kee Wonner also, dass ee sech, wann ee méi wäit kucke wëll, fir d’éischt dëse Modell ukuckt. Dëse Modell huet schonn de vergaangene Weekend ëmmer erëm d’Méiglechkeet simuléiert, dass eis an der nächster Woch eng Hëtztwell ustoe kéint, dat mat engem potenziell markante Peak fir den iwwernächste Weekend. De Stand elo ass: d’Hëtztwell ass an Tëschenzäit zimmlech warscheinlech – just ass nach ëmmer net ganz gewosst, wéi waarm et wierklech de Weekend vum 15. bis de 17. Juli gëtt. Dass et awer zu Temperature kënnt, déi wäit iwwerduerchschnëttlech sinn, ass net ausgeschloss. Mee elo mol der Rei no.


Op de Wiederkaarte kënnegt sech ganz däitlech eng Hëtztwell un | Animatioun: wxcharts.com

Den Dënschde mécht den Ufank

(Dës Zeile bezéie sech op d’Modellrechnunge vum 07. Juli 2022 – 16:02 a si nach net zu 100% definitiv, mee alles anescht wéi onwarscheinlech. Et ass eng Moment-Opnahm).

Nodeems et de Méinde schonn summerlech gewiescht ass, gëtt et um Dënschde mat viraussiichtleche 26 bis 30 Grad nach e Krack méi waarm. Fir de Mëttwoch gi schonn Maximalwäerter vun tëscht 28 an 33 Grad simuléiert, deemno wéi sinn och mol bis zu 35 Grad net ausgeschloss. Fir den Donneschden, 14. Juli, kéint et een minimalen Dämpfer ginn, deen bei 27 bis 33 Grad awer elo net besonnesch gutt spierbar wier. Um Freide wiere mir mat 26 bis 33 Grad ganz änlech ënnerwee, ier et dann duerno nach däitlech méi waarm kéint ginn.

Bis zu 40 Grad? Wat ass do wierklech drun?

Mir sinn am Zäitraum vum 16. bis 17. Juli ukomm, op dee sech de Moment och déi ganz Medie stierzen. De Grond: et ginn ëmmer erëm Extremsimulatiounen, déi Temperature vu bis zu 40 Grad berechnen. Ech géif awer gär ganz ausdrécklech betounen, dass dëst nach mat grousser Virsiicht ze genéissen ass. Dem Stand vun haut no wieren um Samsden (16. Juli) realistesch gesinn tëscht 31 a 36 Grad gutt méiglech, um Sonnden och mol tëscht 32 a 37 Grad.


Iwwert de Kontinent verdeelt ginn 2m Temperaturanomalie vun tëscht 16 an deels esouguer iwwer 20 Grad berechent. Dat heescht, dass et op déi méintlech Moyenne gekuckt, ëm 20 Grad ze waarm kéint ginn. | Grafik: wxcharts.com

D’Phas mat den Wäerter, déi 30 Grad däitlech iwwerschreide, kéint sech dann esouguer bis an d’Woch vum 18. Juli eranzéien. Dëst ass awer nach e Stéck méi spekulativ wéi et de Rescht souwisou schonn ass, dohier hale mir op dësem Punkt op.

De Fazit

Eng Hëtztwell ass aus der momentaner Siicht als ganz warscheinlech anzestuufen. Just ass nach net genee gewosst, wéi waarm et wierklech gëtt. Korrekture no ënnen, mee awer grad esou och no uewe, sinn ëmmer nach méiglech. Dohier gëtt ugeroden, d’Kaarten an och dëse Site am Aen ze halen.