Hiweis: Risiko vu stiermeschen Entwécklunge klëmmt

Et geet schonn mat engem leftege Méinden un, mee dat soll et nach net gewiescht sinn.

Wand gëtt erëm en Thema

D’Grousswiederlag huet ëmgeschlo: vu liichtem Héichdrock wiessle mir elo eriwwer op eng variabel Westwiederlag. Zu dëser Joreszäit ass et bei esou Wiederlage normal, dass de Risk vu stiermeschen Entwécklungen an d’Luucht geet.


D’Woch geet schonn lefteg bis liicht stiermesch un | Grafik: wxcharts.com Edit: Météo Boulaide

Haut um Méinden hu mir et schonn mat engem däitlech méi leftegen Dag ze dinn, wat mir engem Déifdrockgebitt ze verdanken hunn wat vun der Nordséi aus a Richtung Ostséi zitt. Iwwert dem zentralen a südwestleche Frankräich hu mir nach Héichdrock leien, soudass dotëscht e grousse Loftdrockënnerscheed entsteet – deen d’Natur mat Wand probéiert auszegläichen. Bei eis zu Lëtzebuerg sinn haut Wandspëtzten bis an de liicht stiermesche Beräich vun ëm 65 km/h ze erwaarden. Muer um Dënschde bleift de Wand zwar spierbar, mee en ass net méi grad esou staark. Am Laf vum Mëttwoch geet et virun mat Spëtzten, déi et op e Neits op 60 km/h packe kënnen.

Donneschden am Aen halen

Um Donneschden ass d’Warscheinlechkeet vun engem Stuerm am gréissten. D’Modeller si sech zwar nach net ganz eenz, mee et sollt een d’Kaarten awer gutt am Aen halen – se gi nämlech vun engem nëmme liicht spierbare Wand bis hin zu engem ausgewuessene Stuerm mat bis zu 100 km/h. Grond dofir ass e klengt Déif, wat vum nërdlechen Nordatlantik hier iwwer d’Nordséi a Richtung Ostséi zéie soll.


Eis kéint e nach méi turbulenten Donneschden ustoen | Grafik: wxcharts.com

De nächste méi markanten Dag kéint dem europäeschen ECMWF no de Freide ginn, wou e Randdéif knapp nërdlech mat sengem Kär un eis laanschtrausche kéint. Dat ass awer nach e gutt Stéck méi onsécher.