Hiweis: Um fréie Freidemoie si glat Stroosse méiglech

Schnéi kréie mir an der Nuecht op de Freiden zwar keen, mee de Risk vu glate Stroossen an de fréie Moiesstonne geet an d’Luucht.

Polar Loftmasse loossen et gutt ofkillen

Iwwerdeems mir de Mëttwoch nach ënnert dem Afloss vu méi mëlle Loftmassen an der Héicht stinn, fléissen um fréien Donneschdemoien hannert enger Kalfront polar Loftmassen an. Des polar Loftmasse wäerte sech zwar och am Dag duerch manner héich Temperature bemierkbar maachen, am meeschten awer an der Nuecht op de Freiden. Duerch de Frontenduerchgang vum Donneschdemoien ass groussflächeg mat e bësse Reen ze rechnen. Vum Mëtten un zitt eng weider Front duerch, duerch déi et nach eng Kéier naass gëtt. Dëse Reen ka sech bis an den Owend eran zéien, deemno wéi och bis an de spéideren Owend eran. D’Temperature fale parallel dozou, duerch déi polar Loftmassen a Ronn 1,5 Kilometer iwwert eise Käpp, ëmmer méi a Richtung Gefréierpunkt. An der zweeter Nuetshallschent soll et mat gréisserer Warscheinlechkeet dréche bleiwen, d’Temperature ginn op e Minimum vun 2 bis -2 Grad zréck. D’Nätzt aus de Stonne virdru kann also haaptsächlech op de keelste Plazen, déi méiglecherweis an den Däller wäerten opzefanne sinn, fréieren an doduerch an de fréie Moiesstonne vum Freide fir lokal glat Stroosse suergen.

An der Nuecht op de Samsde killt et zwar nach eng Kéier lokal bis op 2 Grad of, d’Warscheinlechkeet vu glate Stroossen ass awer däitlech manner héich. An den Deeg drop gëtt et generell méi mëll, dat liicht wanterlecht Wieder an de Nuets- an och fréie Moiesstonne verschwënnt also erëm fir eng Zäit.