Hiweis: Um fréie Freidemoien besteet d’Gefor vu Glëtz & glate Stroossen

An der Nuecht op de Freiden areecht eis aus Westen eng Okklusiounsfront. Duerch dës ass mat Nidderschléi ze rechnen, déi am Ufank trotz negativen Temperature nach als Reen erofkomme kënnen. D’Gefor vu glate Stroosse klëmmt.

Do uewe mëll, hei ënne fraschteg

Et ass eng änlech Situatioun wéi d’lescht Woch den Dënschden: duerch eng Front kommen an der Nuecht op de Freiden resp. um fréie Freidemoie méi mëll Loftmassen an d’Land eragezunn, iwwerdeems et bei eis um Buedem awer nach méi fraschteg ass. Modellrechnunge no leien d’Temperaturen um fréie Freidemoien haaptsächlech an der Nordhallschent nach bei tëscht -2 a 0 Grad, soss ass gréisstendeels mat tëscht 0 an 2 Grad ze rechnen.


D’Ukomme vun der Okklusiounsfront um fréie Freidemoien | Animatioun: wxcharts.com

Well et iwwert eise Käpp zu dësem Moment méi mëll ass wéi bei eis hei ënnen, ass domat ze rechnen, dass dës Nidderschléi als Reen resp. Schnéireen hei ënne bei eis ukommen (héchst Koppen och nach eng Kéier kuerz Flacken). Duerch den ënnerfruerene Buedem ka sech de Reen direkt festfréiere, wat zu Glëtz féiere kann. Dowéinst hu mir et um fréie Freidemoie mat engem gréissere Risk vu glate Stroossen ze dinn, besonnesch an der Nordhallschent vum Land.


D’Entstéiung vu Glëtz schematesch duergestallt | Grafik: unwetterzentrale.de