Hiweis: Um Méinden deels kräfteg Donnerwieder an der Groussregioun méiglech

Iwwerdeems muer um Sonnden schonn iwwer Frankräich déi éischt summerlech Donnerwiederlag ze erwaarden ass, verlagert sech dëst Gebitt um Méinden a Richtung Lëtzebuerg & Groussregioun.

Um Sonnden gerode nach méi waarm Loftmassen an eis Géigenden, d’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 25 a 29 Grad, deemno wéi ass eng 30 och net ganz ausgeschloss.


D’Situatioun um Sonnden iwwer Frankräich | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Iwwerdeems dës Loftmassen an eis Géigenden transportéiert ginn, läit iwwert dem westleche Frankräich e klengt Déifdrockgebitt, wat och nach zousätzlech fiicht Loftmassen mat an d’Dëppe geheie wäert. Doduerch kënnt eng schmeierwaarm Zopp zustanen, an där sech kräfteg Schaueren an Donnerwieder entwéckle wäerten – muer um Sonnden haaptsäch vum zentrale Frankräich bis erop an de Norden a Nordwesten.

Risikozon verlagert sech

Dës Risikozon vu Schaueren an Donnerwieder soll sech an der Nuecht op de Méinden iwwer ofschwächen, mee dann schonn am fréie Verlaf vum Méindemoien erëm “re-aktivéieren” – dëst am BeNeLux-Beräich, wéi awer och am Norden a Nordoste vu Frankräich bis an de Südwesten a Westen vun Däitschland eran. Déi fiichtwaarm Loftmassen, déi also d’Donnerwiederpotenzial mat sech bréngen, hunn eis bis dohin erreecht.


D’Situatioun um Méinden iwwer BeneLux an Däitschland | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Am weidere Verlaf vum Méinde verlagert sech d’Schauer- an Donnerwiederpotenzial weider a Richtung Westen an erstreckt sech am Méindenomëtten iwwert bal déi ganz Westhallschent vun Däitschland, och bei eis zu Lëtzebuerg besteet dann ëmmer nach e liichte Risk vun Donnerwieder.

Eréischt am Laf vum Owend ginn déi schmeierwaarm Loftmassen a Richtung Westen oftransportéiert an d’Atmosphär gëtt erëm méi stabil.

Wat ass ze erwaarden?

Bei dësen Donnerwieder, wéi se elo mol simuléiert ginn, besteet bei de méi kräftegen Zellen haaptsächlech de Risk vu Staarkreen a gréisser Quantitéiten a kuerzer Zäit (15 – 25 l/m²), Knëppelsteng a punktuell mol staarkem bis hin zu stiermeschem Wand. Fir genee Detailer ass et nach ze fréi – genee och fir d’Agrenzung wou genee dës Donnerwieder wäerten optrieden.