Hiweis: Um Sonnde stiermesch Entwécklunge méiglech

Déi bestänneg Héichdrockwiederlag gëtt geschwënn ënnerbrach. Vum Sonnden un hu méi a méi Déifdrockgebitter d’Soen, wouduerch och déi stiermesch Zäiten zouhuelen.

Ëmschwong

D’Wiedermodeller si sech driwwer eenz, dass eis am Sonndenomëtte vu West no Ost eng Kalfront passéiere wäert. Dës Kalfront bréngt eis net nëmme groussflächege Reen, mee och méi staarke Wand op Lëtzebuerg. Modelltechnesch ass vun enger klenger Lëftchen bis potenziell Stuermstéiss alles dobäi.

Di eenzel Modellkaarte fir de Sonndenomëtten

Kaarten: wxcharts.com

Dem momentane Stand no (13.11.2020 – 01:34) sollen dem amerikanesche Wiedermodell GFS no wärend dem Passage vun der Front Wandvitesse vun tëscht 40 a 65 km/h an de Spëtzten optriede kënnen. Den europäeschen ECMWF gesäit den Duerchgang e bësse méi turbulent a rechent mat Vitesse vun tëscht 55 a 75 km/h, op eenzelne Koppe wieren och Vitesse vun ëm 80 km/h oder knapp driwwer net auszeschléissen. Den däitschen ICON ass mat Vitesse vun tëscht 50 a 70 km/h dobäi, lokal soll et driwwer goen. De franséischen ARPEGE ass bëssen änlech agestallt wéi den amerikanesche GFS.

Dëst ass keng gréisser Stuermlag, mee et ass op alle Fall erwäänenswäert. Beim Duerchsetze vun dësem Zenario wier mat dreckege Stroossen duerch Äscht a Blieder ze rechnen, déi och mol zu enger schmiereger Fuerbunn féiere kënnen.