
Virun e puer Deeg hu mir eis gefrot, ob et dat elo mam Schnéi war. E Bléck op den amerikanesche Modell weist, dass et fir déi éischt Februar-Hallschent nach “Hoffnung” gëtt.
De leschte Wantermount steet un
De Februar ass de leschte meteorologesche Wantermount, den 1. Mäerz geet nämlech d’Fréijoer un! Mir hunn also nach eppes méi wéi ee Mount, fir an dëser Saison de Schnéi nach eng Kéier erëmzegesinn.
Am leschten Update heizou hate mir jo gesinn, dass d’Laangzäitmodeller prinzipiell näischt géint e Wanter-Comeback hunn. Wat ebe stëmme muss, ass d’Konstellatioun vun den Drockgebitter iwwer Mëtteleuropa. Den amerikanesche Modell weist de Moment eng Iddi fir déi éischt Februar-Hallschent – mir spekuléieren also e bëssen! D’Schnéifrënn kënnen dëst awer als kleng Hoffnung ugesinn.
Wat gëtt berechent?
Fir d’éischt mol: Et gesäit net no enger nohalteger Léisung aus, mee no enger temporärer. Fir ronderëmt de 4. Februar rechent den amerikanesche Modell domat, dass sech e groussen Déifdrockkomplex iwwert de skandinavesche Raum leet, iwwerdeems héije Loftdrock iwwert den Azoren an och dem Mëttelmierraum virzefannen ass. Doduerch géif eng stramm westlech Stréimung bei eis entstoen.

Obwuel Weststréimungen an eise Géigenden net onbedingt de Wanter-Brénger sinn, kann et trotzdeem, wann d’Déifdrockgebitter wäit genuch südlech zéien, fir e puer Flacken duergoen. D’Récksäiten vun Déifdrockgebitter droe jo de Wand aus nërdleche Richtunge mat sech, wat heescht, dass et op dëse kuerzzäiteg fiicht a naass genuch ka ginn.
Wéini wier dat? Ma esou tëscht dem 4. an dem 9. Februar – esou gouf et mol de Mëtte berechent. Och gëschter hat den amerikanesche Modell eng änlech Léisung erausgespaut. Et ass also de Moment eng Optioun, duerch déi zäitlech Distanz sollt een dat awer nach net op d’Goldwo leeën. Mir bleiwen drun!