Hurrikan HELENE zitt op Europa duer

Et kënnt emmer rëm vir, dass en Hurrikan oder Tropestuerm a Richtung Europa zitt. Den Hurrikan HELENE wärt e weidert Beispill dofir ginn.

ECMWF Ensemblemember zur Zuchbunn vum Stuerm

Ënnert dësem Link kënnt Dir den aktuelle Stand zum Stuerm an de weidere Verlaaf zäitno am Aen behaalen.

HELENE gläich rem nëmmen Tropestuerm

Den Hurrikan HELENE, deen de Moment als Kategorie 2 klassifizéiert ass, läit de Moment ongeféier 2435 Kilometer süd-südwestlech vun den Azoren (Stand 11.09.2018 23:22 Auer). E beweegt sech mat enger Geschwindëgkeet vu 19 km/h a Richtung Nordwesten a wärt demnächst op nord-nordwest dréien. Et gi Wandvitesse vu bis zu 165 km/h ereecht, d’Wandstéiss leien driwwer. Bis den Donnëschden sollt sech de Stuerm awer lues a lues ofschwächen a vun engem Hurrikan op en Tropestuerm eroofgestuft ginn.

Eng Gefor stellt den Hurrikan keng vir eis duer. Et bleift och nach ofzewaarden, ob en tatsächlech déi simuléiert Zuchrichtung aschloe wärt. Mir hunn et nämlech scho méintelaang mat engem méi oder manner staarken Azorenhéich ze dinn, waat mat dru Schold ass, dass d’Wieder dëst Joer iwwer eng laang Zäit vun der Grousswiederlag hier daat selwecht bleift. Sollt den (dee Moment) Ex-Hurrikan HELENE trotz dem Azorenhéich weider um geplangte Wee bleiwen, kéint daat dozou féieren, dass endlech mol rem méi Nidderschléi an eis Géigende gefouert ginn. Daat net onbedingt direkt duerch d’HELENE, mee et géifen am allgemenge méi Déifdrockgebitter d’Chance kréie, méi wäit östlech zéien ze kënnen. Wa net, an daat soen déi allermannst Berechnungen, prallt de Stuerm um Héich of a gëtt ofgedrängt.