Hurrikan IRMA ereecht Florida

Ganz 11 Deeg no der Entstéiung vum Hurrikan IRMA ass de Stuerm elo zu Florida ukomm.

De Sonndëmoien hierer Zäit ass d’IRMA mat Wandgeschwindëgkeeten vun 215 km/h zu Florida Keys u Land getraff. Daat entsprëcht engem Hurrikan vun der véierter Stuf op der Saffir-Simpson Skala. Méi wéi 6 Milliounen Awunner goufen dozou opgefuerdert, sëch a Sëcherheet ze bréngen. Nët nëmmen de Wand wärt e Problem duerstellen, mee och déi sougenannt Stuermflut. Meterhéich Wellen ginn erwaart. Zwee Deeg virdrun sinn bis zu siwen Meter héich Wellen zu Kuba op Land getraff.

De Gouverneur Rick Scott haat matgedeelt, dass d’IRMA nach méi schlëmm géif ginn wéi den ANDREW, deen am Joer 1992 65 Leit d’Liewe geholl huet.

De Moment (10.09.2017 12:37 UTC) läit den Hurrikan ëmmer nach mat séngen baussëgste Bänner iwwer Deeler vu Kuba. Virun zwee Deeg war en do mat Wandgeschwindëgkeeten vun 256 km/h ewechgezunn, an de Spëtzten no un den 300 km/h. An der Karibik eleng goufen bisewell 25 Leit an den Doud gerappt.

D’IRMA wärt sëch bis de Méindenmëtten hierer Zäit an de Norden vu Florida weidergeschafft hunn, dëst ënner Ofschwächung. Zu dësem Zäitpunkt sollt en dann nëmmen nach en Hurrikan vun der Stuf 1 op der Saffir-Simpson Skala sinn. Bis den Donnëschdemoien beweegt en sëch als tropësch Depressioun weider erop an de Bundesstaat Tennessee, ier en dann zu engem normalen Déifdrockgebitt zerfällt.

Hei klicken vir de Livestream vu Lauderdale-by-the-beach


Grafik: NOAA/National Weather Service. Weidere Laafwee vum IRMA inklusiv Warnungen a Virwarnungen.

Aner Wirbelstierm

Den Hurrikan KATIA, deen virun engem Daag nach virun der Ostküst vu Mexiko loung, huet sëch beim Landfall opgeléist. En ass elo just nach een aussertropëscht Déifdrockgebitt. Ët sinn zwou Persounen ëmt Liewe komm.

De JOSE befënnt sëch nach ëmmer iwwert dem Atlantik an ass an de läschten Deeg knapp un den Antillen laanschtgezunn. D’IRMA war do virun Deeg schon driwwergezunn.