Hawaii gouf vir d’lescht am Juli 2016 sou richtëg vun engem tropësche Stuerm getraff, deemols vum Hurrikan “DARBY”. An de nächsten Deeg ass et rem souwäit – de Kategorie 4 Hurrikan LANE zitt a Richtung Inselgrupp.
Latest view of powerful #HurricaneLane approaching #Hawaii, seen today from #GOES15 at 2 pm ET (8 am Hawaiian Time), August 22, 2018. Learn more: https://t.co/EBN24gzTlD pic.twitter.com/j0mTt0b4o8
— NOAA Satellites (@NOAASatellites) 22. August 2018
Impakt de Weekend
Den Hurrikan LANE huet sech um Mëttwochmoie kuerzzäitëg zu engem Kategorie 5 Hurrikan verstärkt – an tëschenzäit ass en awer rem op déi 4t Stuf op der Saffir-Simpson Skala eroofgestuft ginn. Rondrëmt d’Aen vum Stuerm ginn awer nach Wandvitesse vun iwwer 250 km/h ereecht.
Aktuell Positioun
De LANE befënnt sech de Moment (23.08.2018 – 02:04 Auer) gutt 400 Kilometer südlech vu Kailua-Kona an ongeféier 600 Kilometer süd-südöstlech vun Honolulu. De Berechnunge vun der NOAA no wärt de Stuerm spéitstens um Donnëschdenowend mat séngem Wandfeld op déi südöstlechst geleeën Insel iwwergräifen, domadden och op Kailua-Kona Géigend. Dëst ëmmer nach als “Major Hurricane”, also engem Hurrikan, deen eng Stärkt vu mindestens der Stuf 3 opweises huet.
Weidere Verlaaf
Ënner weiderer Ofschwächung wärt en um fréie Freidemoie knapp westlech vun den Inselen Maui a Moloka’i opdauchen, daat méiglegerweis nach als Hurrikan vun der zweeter Kategorie. Daat entsprëcht Wandvitesse vu bis zu 177 km/h an der Moyenne.
Der NOAA no wärt de LANE an der Nuecht op de Sonndën als Hurrikan vun der éichter Stuf zu Honolulu u Land treffen, daat mat geschaate Wandvitesse vun 119 bis 153 km/h.
De Wand wärt net den Haaptproblem sinn. Um Laafwee vum Stuerm sinn extrem Reequantitéiten ze erwaarden. Laut de Modellrechnunge kënne plaatzeweis iwwer 350 l/m² zesummekommen.