Hurrikan MARIA kéint a Richtung Europa zéien

Den Hurrikan MARIA befënnt sëch de Moment östlech vu Kuba an ass en Hurrikan vun der Kategorie 3. An den éichte Medien kann een liesen, dass de Stuerm nach e Stéck nördlech zitt an duerno a Richtung Nordosten, also a Richtung Europa ausschert. Sou onwahrscheinlech ass daat ganzt tatsächlech nët.

Keng Raritéit

Dass Hurrikanen sëch an außertropësch Déifdrockgebitter/Stuermdéifer ëmwandlen a sou a Richtung Europa zéien ass keng Seltenheet. Vir d’lescht ass daat am Joer 2014 geschitt, wéi mir d’Iwwerreschter vum Hurrikan GONZALO ofkritt hunn. D’Konditioune stinn nët schlecht, dass och d’MARIA demnächst als “Ex-MARIA” op eise Wiederkaarten ze gesinn ass.

Jetstream als Autobunn vir Déifdrockgebitter

Déi grouss Fro déi een sech stellt ass wisou a wéi een Hurrikan iwwerhaapt sou wäit a Richtung Oste wandere kann a soumadden Europa ereecht. D’Äntfert dorobber fënnt een an zwëschen 8 an 12 Kilometer iwwert eise Käpp, nämlech den Jetstream. Den Jetstream ass e staarke Wandstroum, deen sëch ronn rondrëmt de Globus erstreckt a net selten Wandgeschwindëgkeeten vun bis zu 500 km/h ereeche kann. Dësen Jetstream ka bei gudde Viraussetzungen Déifdrockgebitter, a soumadden och Hurrikanen déi wäit westlech leien, an eis Géigenden “schëppen”. Op hierem Wee schwächen se sëch awer meechtens of a verwandlen sëch zu außertropësche Stuermdéifer. Dëst haaptsächlech, well d’Waasseruewerfläch nët méi waarem genuch ass. En Hurrikan brauch Waasseruewerflächentemperaturen vu mindestens 26,5 Grad, vir dass en iwwerliewe kann.

Hurrikan MARIA kéint a Richtung Europa zéien

Éicht Modeller, ënnert anerem den amerikanësche GFS, weisen Unzeechen dovir, dass de Stuerm ët tatsächlech an eis Géigende packe kann. Mat eise Géigenden ass Europa mee haaptsächlech England gemengt. Op dëser Kaart gesidd Dir de Verlaaf vum Hurrikan MARIA an och vum Tropestuerm LEE laut den aktuellste Berechnungen. (Hinweis: Ët wärt zu 100% nach Ännerungen un dëse Berechnunge ginn!)

Am Iwwerbléck géif daat esou ausgesinn. Iwwerdeems d’Maria an den Lee vum Jetstream a Richtung Groussbritannien gedroe ginn, geet den LEE zesummen mam MARIA an engem gréissere Stuermdéif zesummen, an deem Fall “Ex-MARIA”, wann ët dann iwwerhaapt esouwäit kënnt. Simuléiert gëtt ë Kärdrock vu 954 hPa, waat schon eng Hausnummer ass.

Prognos nët sëcher

Während vill Medien lues a lues schon op den Hypetrain opsteige, wollt ech an dësem Ofschnëtt awer op d’Onsëcherheet hiweisen. Déi kann een mat den sougenannten Tropical Tracks oder Storm Tracks duerstellen, déi een ähnlech wéi een Ensemble opfaasse kann. Mir gesinn den Hurrikan MARIA östlech vun de karibëschen Inselen an den LEE iwwert dem oppenen Atlantik. D’Linnen déi een gesäit stellen sougenannt “Memberen” duer, also ënnerschiddlech Berechnungen, déi an den ECMWF ENS Modell afléissen.

Unhand vu ville Berechnungen kann een eng Moyenne erausfannen, déi op dëser Grafik mat enger bloer Linn gekennzeechent ass. Dëst weist déi am Moment wahrscheinlechst Zugrichtung. Och wann ët wahrscheinlech schéngt, dass de Stuerm a Richtung England zitt, heecht daat nët, dass daat ganzt an zwee Deeg och nach ëmmer d’selwecht muss sinn. Waat d’Intensitéit ugeet kënnen och grouss Ënnerscheeder optrieden. Wann e wierklech eist Wieder beaflosse sollt, dann wahrscheinlech a Form vun engem Hierschtstuerm. Ech bleiwe vir Iech um Ball.