Hurrikanwarnung fir Kanada: FIONA kräftegst Déif zanter Opzeechnungsufank?

Den Hurrikan FIONA schwächt sech de Weekend iwwer nëmme lues of a wäert als en aussergewéinlech staarke Stuerm zu Nova Scotia, Kanada u Land goen.

En aussergewéinleche Parcours

Den Hurrikan FIONA, aktuell der drëtter Kategorie zougeschriwwen, befënnt sech e gutt Stéck ëstlech vun der US-Ostküst. De Moie fréi ass de Stuerm mat sengem Kär nëmme knapp westlech u Bermuda laanschtgeschrammt.


De National Hurricane Center huet eng Hurrikanwarnung fir Kanada erausginn | Grafik: NOAA / NHC

D’Modellrechnunge gesi vir, dass d’FIONA sech an de nächste Stonne nëmme geréngfügeg ofschwäche wäert. Esou kéint et also sinn, dass de Stuerm nach als Hurrikan vun der drëtter Kategorie zu Nova Scotia a Kanada u Land geet. Den Zäitpunkt dofir wier tëscht dem Samsdemoien 8 Auer moies an 20 Auer owes. Direkt un der Küst gi gemëttelt Wandvitesse vun 185 km/h prognostizéiert, an de Spëtzte si gutt iwwer 200 km/h ze erwaarden. Net nëmmen de Wand gëtt en Thema, mee och de Reen. Et kënne näMlech tëscht 100 an 230 l/m² Reen erofkommen.


Déi méiglech Wandspëtzte wärend dem Landfall vum FIONA a Kanada | Grafik: wxcharts.com

Iwwert dem oppene Mier kann d’FIONA um Wee a Richtung Kanada Wellen mat Héichte vun tëscht 24 an 30 Meter generéieren.

Je no Modell kéint d’FIONA, wat sech bei Landfall zimmlech séier och an en aussertropescht Orkandéif ëmwandelt, vum Loftdrock hier dat stäerkst Déifdrockgebitt ginn, wat jeemools a Kanada u Land getraff ass. D’Modellrechnunge vum europäeschen ECMWF rechne beispillsweis mat engem Kärdrock vu nëmme 920 hPa.