Ier de Neowise verschwënnt: Wéi steet et mam Wieder fir déi nächst Nuechten?

De Koméit C/2020 F3 (Neowise) areecht haut um Donneschde seng noosst Distanz zur Äerd a beweegt sech ëmmer méi wäit vun der Sonn fort. E gëtt also ëmmer manner hell.

Neowise ass ëmmer manner gutt ze gesinn

Well sech de Koméit ëmmer méi wäit vun der Sonn ewechbeweegt, wäert d’Siichtbarkeet vun der Äerd aus an de nächsten Deeg ëmmer weider ofhuelen. Elo schon ass en däitlech manner gutt ze gesinn, wéi an de leschten Deeg a Wochen. Een, deen e nach net gesinn huet, huet nach bis Enn Juli a mat vill Chance bis Ufanks August d’Chance, ier de Koméit fir déi nächst 6.953 Joer an den Déifte vum Weltall verschwënnt.

All d’Artikelen an Informatiounen iwwert den C/2020 F3 Neowise fannt Dir ënnert dësem Link

Wéi d’Wieder gëtt

Dësen Artikel beschäftegt sech haaptsächlech domat, wéi d’Wieder an de leschte Nuechte gëtt, wou de Neowise nach ze gesinn ass.

An der Nuecht op muer, de Freide 24. Juli 2020, stinn d’Chancen erëm net all ze gutt. Mir hunn et mat enger ganzer Partie Wolleken ze dinn, déi eng Vue a Richtung Koméit nëmme ganz schwéier zoulossen. D’Temperature ginn dobäi op 16 bis 13 Grad zréck. Eng besser Chance gëtt et an der Nuecht op de Samsde, wou nëmmen e puer eenzel Wolleken ënnerwee sinn – eenzelne Modeller no kann et och komplett opklären. Eis Temperature ginn dobäi op e Minimum vu 16 bis 12 Grad zréck, an den Däller och mol op 9 Grad. An der Nuecht op de Sonnden zitt eng Kalfront mat ville Wolleken op, duerch déi et an der zweeter Nuetshallschent warscheinlech reene wäert. D’Temperature leien tëscht 14 a 17 Grad.

an duerno?

An der Nuecht op de Méinden hu mir, Stand aktuell Modellrechnungen (23.07.2020 – 03:08 Auer), liicht besser Chancen, och wann et schwéier gëtt. Et zéie kompakt Wolleken duerch, dotëscht ginn et awer och e puer kloer Flecken. D’Temperature ginn op e Minimum vu 15 bis 11 Grad zréck. Mat enger Wollekendecken hu mir et och, wéi et schéngt, an der Nuecht op den Dënschden ze dinn. D’Chance, fir de Koméit nach kënnen ze kucke, stinn do net all ze gutt. Dat bei Temperaturen, déi sech tëscht 13 a 16 Grad apendlen. Opgrond vu ville Wolleke schéngen d’Konditiounen och an der Nuecht op de Mëttwoch net all ze gutt ze stoen. D^Temperature leie viraussiichtlech tëscht 14 a 17 Grad. De noossten Datum, un deem d’Konditiounen erëm gutt ausgesinn, ass d’Nuecht op de Freiden den 31. Juli 2020. Opgrond vun der zäitlecher Distanz bis dohi sollt een dëst natierlech mat Virsiicht genéisse, genee wéi dëse ganzen Abschnitt eigentlech.