Och wann et mam aktuelle Bléck virun d’Dier ondenkbar ass, erwaart eis vu muer un e grousse Kontrast. An de nächsten Deeg klammen d’Temperaturen och erëm an den héichsummerleche Beräich.
Advertisement
D’Grousswiederlag
De Grond, firwat den Dag vun haut esou gro a naass ass, ass eng Kalfront, déi iwwert eis ewechschläift. Domat ass gemengt, dass dës net wierklech séier vu Plaz kënnt. Déi gutt Noricht ass: D’Front wäert an de nächste Stonnen duerch sinn! Hannert hir gëtt direkt Plaz gemaach fir en Héichdrockgebitt, wat sech vum Atlantik hier iwwert de britteschen Inselen an uschléissend och Europa breetmécht.
Dëst Héich wäert sech bis en Dënschden inclus bei eis halen, ier e Mëttwoch lues a lues déi éischt Schéinheetsfeeler a Form vun isoléierten Donnerwieder méiglech sinn. Den aktuelle Trend besteet, dass et vun dem Punkt un och fir de Rescht vun der Woch änlech virugoe kann: Héije Loftdrock mat Stéierungen duerch kleng Déifdrockgebitter dotëscht.
Duerch dës Ëmstellung gëtt et net nëmme méi sonneg, mee och méi waarm. Héichsummerlech Temperature kënnege sech un.
De Verlaf
Muer um Sonnden erwaart eis e sonnegen Dag, et zéie just e puer Schleierwolleken duerch. De Reen ass keen Thema méi, d’Temperature packen et op tëscht 21 a 24 Grad. E Méinde klammen se schonn op 23 bis 27 Grad erop, eng 28 Grad ass och net ganz ausgeschloss. Mir hunn et mat engem bloen Himmel a just e puer eenzelne Wolleken ze dinn. En Dënschde kommen e puer eenzel Wolleken dobäi, en Ëmschwong gëtt et awer net. Et stinn tëscht 27 an 32 Grad um Programm, fläit kann et och punktuell fir 33 Grad duergoen. Och fir e Mëttwoch stinn 31 bis 33 Grad als allerhéchst Wäerter zur Optioun, mee Stand aktuell soll dann och erëm de Risk vun Donnerwieder an d’Luucht goen.
Zwar sollen an den Deeg drop erëm Temperaturschwankungen asetzen, d’Modeller bleiwen awer all am summerleche Beräich. Den August huet dohier d’Potenzial nach richteg summerlech ze ginn.