Industrieschnéi ronderëmt Cattenom: 30 Zentimeter Schnéi an engem enk begrenzte Beräich

An der vergaangener Nuecht koum et ronderëm d’Atomkraaftwierk zu Cattenom zu engem besonneschen a rare meteorologesche Phänomen.

Bis zu 30 Zentimeter Schnéi an engem enk begrenzte Beräich

Wéi national an international Medie melle, sinn an der vergaangener Nuecht/um fréie Moien an engem enk begrenzte Beräich ronderëm d’Atomkraaaftwierk zu Cattenom 30 Zentimeter Neischnéi gefall. En Zesummenhang mat enger Schnéifront oder änlechem hat dëst awer net. Mee wéi kann et dann op eemol sinn, dass et esou vill schneit?

Industrieschnéi

De Grond fir déi gréisser Schnéicouche a kuerzer Zäit ass d’Phänomen vum sougenannten “Industrieschnéi”. Beim Industrieschnéi handelt et sech net ëm Schnéifall vu natierlechem Uersprong, mee e gëtt duerch d’Emissioune vun Industrieanlagen generéiert. D’Wieder gëtt also op engem klenge Beräich quasi “gemaach”.

Mee wéi entsteet dësen Industrieschnéi iwwerhaapt? Duerch d’Emissiounen vun Industrieanlage geréit net nëmmen zousätzlech Fiichtëgkeet an d’Atmoshpär, mee och kleng Partikelen, och nach Aerosolen genannt. Dës Aerosolen/Partikelen déngen als zousätzlech Kondensatiounskären, also klenge Grimmelen, un deenen d’Waasser kondenséiert. Et forméiere sech kleng Äis- a Schnéikristaller, déi net wéi bei üblechem Schnéifall deels e kilometerwäite Wee op de Buedem hunn, mee oft nëmmen e puer 100 Meter. Doduerch areechen dës “kënschtlech” generéiert Flacken och oft an där Form de Buedem, et kënnt zu Industrieschnéi. Den Industrieschnéi ass oft extrem enk begrenzt a ka vu Meter zu Meter fir extrem ënnerschiddlech meteorologesch Situatioune suergen.

Am Fall vu Cattenom huet et an engem Radius vun ongeféier 10 Kilometer geschneit, besonnesch vum Kraaftwierk ausgoend a Richtung Südosten. Direkt nordwestlech vu Cattenom a generell ausserhalb vun der Gemeng ass näischt vun den 30 Zentimeter ze gesinn.