Update #2 | ING Night Marathon: Schauerrisk klëmmt am Laaf vum Owend

Haut ass rem den ING Night Marathon. Mee spillt d’Wieder mat?

Waarem, mee emmer méi Wollécken

Aktuelle Modellrechnunge no ginn ët virun allem vir den Zäitraum vum Start kaum Ännerungen waat d’Prognos ugeet. Ët gëtt wuel lues a lues méi wolléckëg, ët sollt awer nach drëche bleiwen. D’Temperature leie bei 19 Grad. A Richtung 22h ginn d’Temperaturen op 16 Grad zréck an ët muss mat engem liicht uklammende Schauerrisk gerechent ginn. Vun 23 Auer un kënnen éicht Drëppsen an der Stadter-Géigend net ausgeschloss ginn. Sou richteg opdréie wärte Reerisk awer réicht no Mëtternuecht. Nët wäit vun eis ewech sinn och vereenzelt Donnerwiedere méiglëg.

Muer um Sonndë wart et déi meecht Zäit gro sinn an ët gëtt ëmmer rem naass.

Am Fall vun onerwaarten, fréizäitëge Wiederännerunge wärt et op Facebook zäitno Updates ginn.