Interessant Fakten zum Juli 2018

Ier den 1. September de meteorologëschen Hierscht ugeet, hei nachengkéier e puer Fakten zu dësem Summer (haaptsächlech Juli), dee virun allem aussergewéinlech waarem a drëche verlaaf ass.

E puer Notizen zum Juli 2018

  • Laut Analyse vun der NOAA (National Oceanic and Atmospheric Administration) war de Juli 2018 op globaler Basis de véiert-wärmste Juli zanter 1880.
  • An Afrika souwuel och an Europa goufe jeweils déi zweethéchst Julitemperaturen zanter dem Joer 1910 gemooss.
  • A Südkorea war et dëst Joer den zweetwärmste Juli zanter dem Ufank vun den Analysen.
  • A Norwegen war de Juli 2018 zesumme mam Juli 2014 de wärmsten zanter 1900.
  • A Finnland gouf dëst Joer de bisewell wärmste Juli gemooss
  • De Juli 2018 war a Groussbritannien zesumme mam Juli 1983 den zweetwärmste Juli zanter 1910.
  • A Frankräich war de Juli 2018 den drëttwärmste Juli zanter 1900.
  • A Schweden gouf 2018 de wärmste Juli zanter Opzeechnungsufank registréiert.

Quell: Deutscher Wetterdienst (DWD)

Wärmst Abrëll-Juli Period zanter iwwer 100 Joer (NOAA)

Den Analysen vun der NOAA no war et an enger Period vum Abrëll bis Juli nach nie esou waarem wéi dëst Joer. An dësem Joer haate mir et während dëser Zäitspaan mat enger Anomalie vun 2,44 Grad ze dinn. Vir et ze verdäitlechen, hei d’Oplëschtung vun den Anomalien aus de leschte Joeren:

  • 2017: 1,07°C
  • 2016: 1,49°C
  • 2015: 1,10°C
  • 2014: 1,37°C
  • 2013: 1,17°C

Dir wëllt nach méi wäit kucken? Op der Websäit vun der NOAA fënnt een esou Klimadaten vir en X-beliebëgen Zäitpunkt.