Intern: Météo Boulaide vun elo un ënnert der Regie vun ErnzerMedia

Den Dag ass do! Virun 2 Méint hunn ech bekanntginn, dass ech zesumme mat mengem Geschäftspartner, dem Tim Krier, ErnzerMedia gegrënnt hunn. Haut kënne mir Iech stolz matdeelen, dass eis Servicer vun elo un online sinn.

Météo Boulaide for Business:

E Produit vun ErnzerMedia, dee B2B-Déngschtleeschtungen a soss Servicer (Business to Business) ubitt. Dozou zielt d’Verginn vu Reklammeplazen op alle Plattforme vu Météo Boulaide, d’Météo fir Eventer (inkl. met. Veranstaltungshëllef), meteorologesch Ënnerstëtzung fir Betriber a Wiederberichter fir Medien. Och bei individuelle Virschléi oder Léisunge loosse mir Iech net am Reen stoen a kommen Ären Iddi’e gär entgéint.

Site: https://business.meteoboulaide.com/

Bei Interessi mellt Iech gär per Kontaktformular um Site oder ënner business@meteoboulaide.com

ErnzerMedia:

ErnzerMedia ass eng Firma, déi digital Servicer an Entertainment-Formater ubitt. Météo Boulaide, Météo Boulaide for Business an och ErnzerMedia Digital Publishing falen ënner d’Verwaltung vun ErnzerMedia.

Site: https://www.ernzermedia.com/

Déi éischt Notizen zu den Déngschtleeschtungen hunn ech schonn viru 4 Joer gemaach an hätt net erwaart, dass d’Iddien am Joer 2020 no a no géifen duerchgesat ginn. No vill Kappzerbrieches a Nuechten ouni Schlof si mir frou, dëse Step kënnen ofzehaken. E grousse Merci geet un den Tim, ouni hien wier esou villes net méiglech.

Merci och un Iech all dobaussen virun Ärem Ecran! Ech kann Iech net genuch fir all Är Ënnerstëtzung, déi Dir mir schonn zanter 2010 entgéintbréngt, Merci soen.