Italien: Nei Iwwerschwemmungen duerch zolitte Reen erwaart

Réicht rezent koum et an Italien zu schwéieren Iwwerschwemmungen, wéi ë.A zu Roum. An de nächsten Deeg stellt sech eng Wiederlag an, duerch déi et rem zu zolitten Onwiedere komme kann.

Groussflächëg iwwer 100 l/m² Reen méigleg

E Koup Déifdrockgebitter wärten de Weekend an ufanks der nächster Woch iwwert dem Mëttelmier zirkuléieren. Dës kënne groussflächëge Staark- an Dauerreen ausléisen, wouduerch d’Gefor vu weidere schwéieren Iwwerschwemmunge klëmmt. De Wiedermodeller no si bis den Ufank vun der neier Woch Reequantitéite vun 100 bis lokal 500 l/m² méigleg.

Betraffe Géigenden

(Hinweis: An de genannte Géigende fällt net iwwerall d’selwecht vill Reen. Dëst ass nachengkéier vu lokale Bedingungen ofhängeg. Déi genannte Werter treffe meechtens just lokal zou.)

  • Den äußerste Norde vun Italien (Alperand an Alpen usëch):Et muss groussflächëg mat Nidderschlagsquantitéite vun iwwer 100 l/m² gerechent ginn. Méi wäit südlech vun den Alpen kënne mat Pech iwwer 300 l/m² Reen bis de Méindenowend/Dënschdemoien zesummekommen.
  • Kroatien:Laanscht d’Küsteregioune muss mat lokale Reequantitéite vun iwwer 100 l/m² gerechent ginn. Iwwerschwemmunge sinn och hei méigleg.
  • Genua an Ëmgéigend: An der Ëmgéigend vu Genua, inklusiv der Küsteregioun, ass mat Waasserquantitéite vu bis zu 200 l/m² ze rechnen. Iwwerschwemmunge sinn ze erwaarden.
  • Roum an Ëmgéigend: Leider schéngt och Roum rem eng ganz Partie Reen ofzekréien. Am Beräich vun do bis eroof op Benevento kann et rem zu 150 l/m² kommen.
  • Sizilien: Staark- souwéi Dauerreen si méigleg, bis zu 100 l/m² kënnen eroofkommen.

Kaart vun de betraffene Géigenden

Vergréissert Usiicht bei klick/tipp op d’Bild.

Animatioun vun de Reenquantitéiten laut dem franséischen ARPEGE (wxcharts.eu)