Joreswiessel: Den Oflaf vu Silvester 2023/2024

Déi lescht Stonne vum Joer sinn ugebrach! An dësem leschten Artikel kucke mir eis de Verlaf vum Owend e bësse méi genee un.

Advertisement

Advertisement

De Verlaf vum Owend

Am Virmëtten huet eis aus Westen, wéi erwaart, eng Kalfront mat Reen erreecht. Dësen huet sech an Tëschenzäit verzunn, mat Chance kënnt et bis d’Sonn ënnergeet mol nach zu eenzelne sonnege Momenter tëscht de ville Wolleken. Mee wéi geet et elo virun?

Wat ee schonn mol soe kann: De Gros vum Reen fir haut hu mir hannert eis. De ganzen Owend iwwer ass domat ze rechnen, dass nach eng Partie Wolleken ënnerwee sinn. Dës bréngen d’Warscheinlechkeet vun e puer eenzelne Nidderschléi nach mat sech, mee et handelt sech dobäi net ëm wierklech kräftege Reen oder änleches. Wann et naass gëtt, da meeschtens a Form vu liichtem Fisemreen.

Vun den Temperaturen hier leie mir géint 18 Auer un der Nordspëtzt bei tëscht 4 a 6 Grad, am Rescht vum Land sinn et 5 bis 7 Grad. Géint 22 Auer huet sech ëmmer nach net all ze vill dru geännert, am wäermsten ass et un der Musel mat bis zu 6 Grad – punktuell kéint esouguer nach eng 7 dobäi sinn. Fir Mëtternuecht kraze mir op eenzlene Plazen am Norde bal un den 3 Grad, mee soss huet sech ëmmer nach näischt geännert.

De Minimum gëtt géint 6 Auer muer de Moien erreecht, dat mat 3 bis 5 Grad am Norden an 3 bis 5, lokal 6 Grad am Rescht vum Land.

Météo Boulaide wënscht Iech all e flott Fest!