Juli-Ausbléck: Firwat de Summer elo eng “Paus” mécht a wéini en erëmkënnt

Eis Temperature wäerte sech vum Weekend un zréckzéien – de Summer mécht also souzesoen eng Paus. Wouduerch et dozou kënnt a wéini déi méi héich Temperaturen erëmkommen, dat kucke mir an dësem Artikel.

Advertisement

Firwat gëtt et elo manner waarm?

Dass et manner waarm gëtt huet mat der Grousswiederlag ze dinn. Dës stellt sech esou ëm, dass haaptsächlech déiwe Loftdrock iwwert eise Breeten ze fannen ass, iwwerdeems op der Héicht vun den Azoren & dem Mëttelmierraum gréisstendeels héije Loftdrock läit. Duerch den déiwe Loftdrock kënnt eng Stréimung géint d’Auer un d’Lafen, ënnert dem Héich dréint d’Stréimung mat der Auer. Dëst féiert bis an déi éischt Juli-Deeg dozou, dass aus Westen däitlech manner waarm an och zäitweis fiicht Loftmassen eragefloss kommen – Atlantikloft, wann een esou wëll.


D’Muster vun eiser Grousswiederlag bis ongeféier de Mëttwoch | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Wéi laang dauert dës “Summerpaus”?

D’Modeller kënnen zwar nach keng glaskloer Äntfert dorop ginn, mee et zeechent sech en ongeféiert Muster of – allerdéngs sinn dës Zeilen trotzdeem als Momentopnam ze gesinn, well mir elo en Zäitraum beschwätzen, deen wäit iwwert de vertrauleche Kuerzfristberäich (3 Deeg) erausgeet.

Eis Temperature beweege sech wuel nach bis ronderëmt Mëtt der nächster Woch bei engem Maximum vun tëscht 16 an 23 Grad am Dag, heiansdo kann et bësse naass ginn – bescht Beispill: e Samsden. Vill kënnt awer net erof. Duerno gesäit dann den europäesche Modell ECMWF, dass sech eis Grousswiederlag op e Neits ëmstellt: E grousst Déif westlech vun de britteschen Inselen an en Héich iwwer Polen géif lues a lues erëm summerlech Loftmassen aus dem Mëttelmierraum & aus Spuenien a Richtung Lëtzebuerg transportéieren.


Een vun de méiglechen Zenarien fir tëscht de Mëttwoch an dem nächste Weekend | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Den amerikanesche Modell huet bis gëschter nach dru gezweiwelt, zitt allerdéngs elo och lues a lues no – esou schéngt et op d’mannst. Dëst awer net genee wéi den ECMWF: Eng däitlech Erwiermung wier eréischt fir an enger Woch ze erwaarden, also de nächste Weekend. Ob eis Temperaturen dann op geméissegt 30 Grad klammen, oder esouguer op 35 Grad an driwwer, dat ass nach absolut Zukunftsmusek.

Wann d’Erwiermung kënnt, ass dës dann nohalteg?

Stand elo schéngt et esou, dass och wann d’Wiermt erëmkënnt, et éischter keng stabil Wiederlag kéint sinn. Et wier eng variabel südwestlech Stréimung, déi mat der Wiermt och fiichtwaarm Loftmasse géif matbréngen. Dat géif dann zu enger Situatioun féieren, an där et ëmmer erëm mol zu Donnerwiederlagen komme kéint. Dem momentane Stand no kéint eis also eng schmeierwaarm, mee awer och éischter variabel éischt Juli-Hallschent ustoen. Dëst ass awer just Spekulatioun an et däerf ee gespaant sinn, zu wat sech d’Natur am Endeffekt decidéiert.