Just e klenge Schauer- a Wiederrisk um Mëttwoch

Virdéicht mol gesoot: Nee, et si keng soueng Onwiederen wéi déi vum 29. Abrëll ze erwaarden.

Mir starte mat vill Sonn an den Daag eran, ier am Laaf vum Virmëtten, Mëtten & Nomëtten méi Wollécken an d’Land eragezu kommen. Ët kënnt trotzdem nach zu sonnëge Momenter. Am Laaf vum Mëtten dréit de Wand opgrond vun enger Konvergenz vun Ost op Nordwest. Dës Konvergenz ass och vir de klenge Schauer- an Donnerwiederrisk verantwortlech. D’Loft ass gezwongen opzesteigen, wouduerch Cumuluswollécken a méiglegerweis och Cumulonimbuswollécken entstoe kënnen.

Un enger Konvergenzlinn stréime Loftmassen aus zwou veschiddene Richtungen openeen. D’Loft ass soumadde gezwongen an den Himmel ze steigen a léisst Cumuluswollécken entstoen, déi sech zu Schaueren oder och Donnerwiedere weiderentwéckle kënnen.

Schaueren an Donnerwiederen trieden awer éichter lokal op a nët flächendeckend. Heecht also, dass ët haut virun Ärer Hausdier nët naass MUSS ginn. Wann et awer mol zu enger Schauer oder engem Donnerwieder komme sollt, da kommen dës duerch de schwaachen Héichtewand kaum vu Plaatz, soudass ët méi laang um Stéck reene kann. De Reen kéint dann och mol méi staark ausfaalen.

Alles an allem heecht daat: Jo, haut sinn Donnerwiedere méiglëg, mee et handelt sëch em näischt dramatësches. Trotz dem Donnerwiederrisk kënnt ët virun zu sonnëge Momenter an ët bleift bis an den Owend era waarem. Duerch daat éichter lokalt Optriede gëtt ët nët iwwerall am Land naass.