Kaalfront um Freiden & méiglegen Hierschtstuerm um Sonndën

Enn der Woch kënnt mol rem Schwong an d’Wiederkichen. Virdéicht ass et awer mol nach aussergewéinlech waarem zu Lëtzebuerg.

Kaalfront um Freiden

Um Freiden ass Schluss mam Spéitsummer! Ab dem Virmëtte kënnt eng Kaalfront aus westleche Richtungen op Lëtzebuerg gezunn, déi déi waarem Loftmassen aus de leschten Deeg an östlech Richtungen ofdrängt. Hannendru fléissen däitlech méi kill Loftmassen eran, soudass d’Temperaturen och um Buedem eng markant Brochlandung hileeë wärten. Virun allem ab dem Virmëtten zitt et zou an et kënnt zu Reen, deen och mol méi laang undauere kann a méi kräftëg kéint ginn. Et gëtt zwar nach ennerschiddlech vun de Modeller simuléiert, mee et gesait sou aus, wéi wann de Passage vun der Front nawell mat e bësse Wand iwwer d’Bühn goe wärt. Sou rechent den amerikanësche Modell GFS mat Spëtzte vun ëm 70 km/h, och den däitsche Modell ICON ass mat lokale 75 km/h dobäi. Ab den Owesstonne verzitt sech de Reen, ier et während der Nuecht souguer rem komplett opkläre kann. An deem Fall wier awer mat deels décke Niwwelfelder ze rechnen.

850 hPa Temperatur (ICON / wxcharts.eu)

Éichten Hierschtstuerm de Sonndën?

De spannendsten Dag vun dëser Woch gëtt ouni Zweifel de Sonndën. Geréng Iwwerrechter vum Hurrikan FLORENCE gi vum Jetstream a Richtung Europa gelenkt, déi sech dann zu engem Orkandéif organiséiere wärten. Wann een den Duerchschnëtt vun alle Modellrechnungen hëllt, déi de Stuerm simuléieren, da wärt de Kär aus aktueller Siicht um fréie Sonndëmoien iwwert de britëschen Inselen leien an da weider a Richtung Ostséi zéien. D’Wandfeld géif dem no d’britësch Inselen selwer a virun allem Deeler vu Westeuropa erwëschen. Alleng an der Géigend vu Lëtzebuerg kéinten de momentane Kenntnisser no Stuermstéiss vu bis zu 110 km/h optrieden.

Mee: Nach net ze eecht huelen! Bis de Sonndën ass et nach eng gutt Zäitchen, soudass sech bis dohinner nach eng ganz Rëtsch Saachen ännere kënnen. Well esou Entwécklungen ëm dës Joereszäit awer näischt anormales sinn, wärt Iech Météo Boulaide stännëg um Laafenden haalen.

Wandspëtzte vir de Sonndën (GFS / wxcharts.eu)