Kärnten, Éisträich: Regiounen duerch Onwieder deelweis vu Baussewelt ofgeschnidden

An der vergaangener Nuecht hunn d'Leit aus der Regioun Kärnten an Éisträich net esou schéi Stonne misse matmaachen. Zolitt Onwieder sinn iwwer d'Géigend ewechgezunn, Stroosse goufe vum Héichwaasser ewechgerappt. Et gëtt vun engem Doudegen a nach enger vermësster Persoun geschwat.

Äerdrutschen no zolitten Onwieder

D’Regioun Kärnten, besonnesch de Raum Feldkirchen mat de Regiounen Villach an dem Villacher Land, sinn an der vergaangener Nuecht vun zolitten Onwieder getraff ginn. Den zolitte Reen huet net nëmme fir sëlleg Iwwerschwemmunge gesuergt, mee och fir sougenannt “Murenabgänge”, also Äerdrutschen am gréissere Stil. E Mann vun 82 Joer huet net iwwerlieft.

Uerg getraff huet et d’Gemeng Treffer um Ossiacher Séi esouwéi och Arriach an der Regioun Villach-Land. D’Flëss Pöllinger an den Treffner sinn iwwer hier Ufer getrueden an hunn d’Uertschafte meterhéich ënnerwaasser gesat. 7.500 Haiser sinn ouni Stroum. De Leit gëtt geroden, hir Haiser net ze verloossen. Dat selwecht gëllt och fir Tamsweg am Salzburger Lungau – e Mëttwochvirmëtten ass Zivilschutzalarm ausgeléist ginn.

Wéi d’Police mellt, sinn bei Treffen an och an der Gemeng Arriach Stroosse net méi passéierbar. Dat, well se deelweis ewechgerappt goufen. D’Asätz vun de Pompjeeë gestalte sech doduerch immens schwiereg – deelweis gëtt probéiert mat Helikopteren op d’Plazen ze kommen. De Bundesheer ass och mat zwee Helikopter a gutt 100 Zaldoten op der Plaz.

An éisträicheche Medien ass Riets vum schlëmmsten Héichwaasser zanter 30 Joer. D’Fluten hu gréisser Steng/Stécker vu Fielsen, erausgerappt Beem esouwéi och Bulli mat sech gedroen.

Arriach, eng Géigend, déi et mat am schlëmmste getraff huet, ass de Medieberichter vum Mëttwochvirmëtte no zäitweis/deelweis vun der Baussewelt ofgeschnidden. Schonn um Dënschdenowend ass en Orkanstouss vun 130 km/h gemooss ginn. An Zäit vun 12 Stonne sinn 120 l/m² Reen erofkomm.

Quellen: Kachelmannwetter, derstandard.at, n-tv.de