Kënnt de Schnéi gläich rëm?

De Moment ass ët vill ze mëll dobaussen, vir richtëg wanterlëcht Wieder ze kréien. Aktuelle Modellrechnunge no kéint ët daat awer gläich gewiecht sinn.

Mëtt Januar Temperaturännerunge méigleg

No der méi mëller Phase mat ville Wollécken, staarkem Reen, deen souguer Iwwerschwemmunge verursaacht huet a Wand deiten déi aktuell Berechnungen un, dass ët demnächst rëm ë bësse biergof mat eisen Temperature goe kéint. Bis de 15. Januar sollte mir daagsiwwer nach däitlech am Plus leien, an de Nuechten gëtt Buedemfrascht bis dohinner awer schon ëmmer méi wahrscheinlech.

Ab Mëtt Januar kéint sëch eng méi kill Wiederlaag astellen, bei där mir am Daag dementspriechend niddrëg Temperaturen ze erwaarden hätten. Sou kënnen se, dem aktuellen Trend no, op 0 bis 4 Grad zréckgoen. Mat dobäi gi Nidderschlagssignaler simuléiert, déi dozou féiere kéinten, dass ët och mol rëm schneie kann. Alles an allem ass awer ze soen, dass déi weider Entwécklung virun allem ab dem 19. Januar extrem onsëcher gëtt, waat een u folgendem Ensemble ofliese kann.

Grafik: meteociel.fr