Klimawandel: De vergaangene September war weltwäit de wäermsten zanter Opzeechnungsufank

De September 2020 war de wäermste September, dee mir bis ewell haten – esou den europäesche Klimawandeldéngscht Copernicus.

Copernicus: Wäermste September weltwäit zanter 1979

Wéi den europäesche Klimwandeldéngscht “Copernicus” mellt, war de vergaangene September de wäermsten dee mir bis ewell haten. D’Temperature louchen am Duerchschnëtt ëm 0,05 Grad méi héich wéi am September 2019, dee bis viru kuerzem nach als de wäermste September gegëlt huet. Déi ze héich Temperature si virun allem an der Arktis, an Deeler vu Südamerika an an Australien opgefall. Bei eis an Europa louchen d’Temperaturen am September 2020 am Duerchschnëtt ëm 0,2 Grad méi héich wéi am Rekord-September 2018. Besonnesch betraff war de Südosten vum Kontinent. All dës Donnéeë ginn aus enger Moossrei ervir, déi zanter 1979 gefouert gëtt. Mat abezu ginn Donnéeë vu Satellitten, Fligeren, Wiederballonen a Wiederstatiounen op der ganzer Welt. 1979 ass nach net esou laang hier, den US Wieder- a Klimadéngscht NOAA verëffentlecht hir Septemberanalys och geschwënn. D’NOAA kuckt op eng Moossrei vun zanter 1880 zréck.


Déi global Temperaturanomalien vu 1979 bis haut | Grafik: Copernicus / ECMWF

Mat de Rekorder vun dësem Joer aus dem Januar, Mee an elo och September ass 2020 amgaang, dem Hëtzt- Rekordjoer 2016 méi no ze kommen. Deemols louch déi weltwäit Duerchschnëttstemperatur vun Oktober 2015 bis September 2016 ëm bal 1,3 Grad iwwert de Wäerter, déi wärend der virindustrieller Zäit gemooss si ginn. Am Klimaschutzofkommes vu Paräis ass eng maximal Grenz vun 1,5 Grad festgeluecht.