Knapp -14 Grad: De Freidemoien toppt den Donneschden

E weideren Déifststand vun der momentaner Keeltperiod gouf haut de Moien erreecht.

En Donneschdemoie war den Thermometer op -12,7 Grad gefall – dat huet sech de Freidemoie net gefale gelooss. Fir déi momentan Keeltperiod ass e neien Déifstpunkt erreecht ginn.

Am keelsten war et un der Kachelmannstatioun zu Béiwen beim Stauséi, dat mat -13,7 Grad. Wéi an de leschten Deeg hunn ech Iech och dës Kéier erëm déi keelst Statiounen opgelëscht.

  • Béiwen: -13,7°C
  • Ueschdref (ASTA): -13,2°C
  • Breedelt(ASTA): -12,9°C
  • Schëmpech (ASTA): -12,9°C
  • Käerch (ASTA): -12,5°C
  • Useldeng (ASTA): -11,7°C

Donnéeë: Kachelmannwetter, AgriMeteo (ASTA) | 16. Dezember 2022