Koméit C/2020 F3 (Neowise): Wéi steet et ëm d’Wiederkonditiounen déi nächst Nuechten?

De Koméit C/2020 F3, och nach Neowise genannt, suergt fir erstaunt Gesiichter. Nodeems en elo puer mol gutt ze gesi war – wéi gesäit et iwwerhaapt déi nächst Nuechten a Punkto Wieder aus?

Titelbild: Marco Langbroek

Konditioune gi bësse manner gutt

Duerch de variable Wiedercharakter, dee sech am Laf vun der Wiederwoch erëm etabléiere wäert, wäert et och an de Nuechte méi wollekeg ginn. Vum Méinden op den Dënschden sinn e puer Wolleken ënnerwee, dotëscht ginn et awer och e puer Lächer déi och mol méi grouss ausfale kënnen.

An der Nuecht op de Mëttwoch wäert et wuel quasi onméiglech sinn, de Koméit gutt kucken ze kënnen. E Frontesystem zitt iwwert eis ewech, deen eis net nëmme kompakt Wolleke bréngt mee och e bësse Reen. An der Nuecht drop, also an där op den Donneschde, si wuel nach e puer Wolleken ënnerwee, et bleift awer dréchen. D’Konditioune sinn trotzdeem e bësse méi schlecht wéi an der Nuecht vum Méinden op den Dënschde, wouduerch een hoffe muss, dass sech genee a Richtung Koméit (um Owend Richtung Nordwesten, 0 bis 3 Auer Richtung Norden / Nordosten, a Richtung fréie Moien Nordosten) e puer Wollekelächer opdinn.

Link: Détailer iwwert den C/2020 F3 Neowise a wéi een en am beschte kucke kann

Um Donneschdenowend si nach eng Partie Wolleken ënnerwee, déi a Richtung Freidemoien a klenge Schrëtt ëmmer manner ginn. Stand aktuell bestinn déi bescht Beobachtungskonditiounen um fréie Moien ier d’Sonn opgeet tëscht 03:45 a 04:30 Auer. Opgrond vun der zäitlecher Distanz bis dohi ka sech awer nach eppes un dëser Ausso änneren. De Weekend iwwer soll et an de Nuechte kloer bis liicht wollekeg sinn, an der Nuecht op de Méinde kéint et just rem bësse méi wollekeg ginn.