Kreta: Vermësster an 1 Doudegen duerch Iwwerschwemmungen

An et geet virun: Haut um Samsde waren erëm méi zolitt Onwieder iwwert dem Mëttelmier ënnerwee. Dës Kéier si besonnesch Deeler vu Griicheland betraff.

Titelbild: Costas Metaxakis / AFP

Kreta schwéier getraff

Den Dag vu gëschter war en immens onrouegen fir Deeler vu Griicheland: virun allem op Kreta ass et zu massiven Iwwerschwemmunge komm, wat leider net ouni weider Konsequenzen iwwer d’Bühn gaangen ass. E 50 Joer ale Mann ass vun de Waassermasse matgerappt ginn an ass ëm d’Liewe komm – weider Persoune gi vermësst, esou déi lokal Medien.

Dat schrot Wieder hat och en Afloss op de Fluchverkéier: wéi eng Schutzmauer duerchgebrach ass, sinn d’Start- a Landepisten vu Matsch a Waasser iwwerflut ginn. De Fluchhafen ass demno ganz gespaart ginn.

Et huet deelweis tëscht 50 an 100 l/m² a kuerzer Zäit gereent – dofir verantwortlech war dat selwecht Déifdrockgebitt, wat och den Donneschden iwwer Süditalien fir massive Schued an Iwwerschwemmunge gesuergt hat.