Kuerze Réckbléck: De Mëttwoch war de wäermsten an de leftegsten Dag vun der Woch

De Mëttwoch war et net nëmmen zimmlech lefteg, mee och eis Temperaturen hunn et op iwwer 20 Grad gepackt.

Den Dag vu gëschter war an zwee Punkten interessant: Wand an Temperaturen. A Punkto Wand hu mir et un der Kachelmann-Wiederstatioun zu Ëlwen mat engem maximale Wandstouss vu 75,9 km/h ze di gehat. D’Wiederwarnung vun der gieler Stuf, déi aktiv war, huet also op mannst un dëser Statioun zougetraff – d’Warnschwell läit nämlech bei 75 km/h. Duerch déi spierbar Südweststréimung goufen och waarm Loftmassen op Lëtzebuerg gedroen: zu Waasserbëlleg war et mat 22,8 Grad gëschter am wäermsten. An de nächsten Deeg sollt den Thermometer net méi grad esou héich klammen.

Links:

Héchsttemperaturen um Mëttwoch, 21. Oktober 2020

Zäitpunkt vum stäerkste Wandstouss am spéidere Mëttwochnomëtten