Kuerzupdate: Modeller gesinn eng Erwiermung fir zweet Dezemberhallschent

An de nächsten Deeg bleift et weiderhin zimmlech kal, haaptsächlech an de Nuechte kënne mir och méi markante Frascht kréien. Déi neist Modeller gesinn awer lues a lues schonn erëm eng Erwiermung.

Aktuelle Modelltrend

Dësen Artikel representéiert eng Momentopnam vun de momentane Wiedermodellrechnungen. Dëse no, also säitens GFS an och ECMWF, bleift et bis ronderëmt de 17. Dezember mol nach esou richteg kal – haaptsächlech an de Nuechten & fréie Moiesstonnen.

Duerno fänken se dann un, ëmmer erëm d’Chance op däitlech méi héich Temperaturen ze berechnen. Schold drun wieren Déifdrockgebitter, déi am Verglach zu elo erëm e gutt Stéck méi wäit an de Norden ausgräife kënnen. Doduerch géif déi momentan kill Stréimung ënnerbrach ginn an et kéint sech erëm eng mëll südlech bis südwestlech Stréimung astellen – mat Loftmassen aus dem Mëttelmierraum & Nordafrika also. Dëst géif dann och erëm enger positiver Temperaturanomalie entspriechen, also mat iwwerduerchschnëttlechen Temperaturen.


GFS & ECMWF mat Tendenz zur Erwiermung a Richtung zweet Dezemberhallschent | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Moment si mir jo ënnerduerchschnëttlech ënnerwee, an trotz dëser Erwiermung wier et awer gutt méiglech dass de Mount Dezember 2022 trotzdem am grousse Ganzen ënnerduerchschnëttlech a Saachen Temperaturen ausfält.

Sollt dës Erwiermung kommen an d’Keelt kriit sech net méi pénktlech zréckgekämpft, da falen d’Chancen op wäiss Chrëschtdeeg an de Keller. En ausféierlechen Artikel dozou fannt Dir hei.