Laangzäitmodeller: Esou kéint sech de Rescht vum Hierscht 2023 entwéckelen

Den Hierscht ass do! A well en bis ewell awer op enger vill ze waarmer Schinn ënnerwee ass, wier et interessant ze wëssen, wéi laang et elo nach esou kéint virugoen. Mir geheien e Bléck op d’Laangzäitmodeller.

Advertisement

Baséierend op den europäeschen & amerikanesche Laangzäitmodeller

Mir kucken eis an dësem Artikel Laangzäitmodeller un. Dat heescht, dass et sech heibäi net ëmt eng Prognos handelt, mee ëmt eng Estimatioun. An awer hunn esou Berechnungen an der Vergaangenheet eng gutt Iddi doriwwer ginn, wéi et an de nächste Wochen a Méint kéint virugoen.

De September 2023 war de wäermsten, deen bis ewell zu Lëtzebuerg konnt opgezeechent ginn. Och elo ass d’Wiederlag ëmmer nach eng vill ze waarm, a fir déi nächst Deeg ass nach net onbedingt en Enn dovun a Siicht. Mol kucken also, wat eis Laangzäitmodeller fir de Rescht vum Hierscht op eis duerkomme gesinn.

Oktober 2023

Kaarten: NOAA/EFFIS/ECMWF

An engem meteorologeschen Oktober läit d’Duerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg bei 9,9°C, iwwerdeems et 76,2 l/m² reent.

Vergläiche mir dat elo mat de Laangzäitmodeller, da rechent den europäesche Modell eng däitlech positiv Temperaturanomalie fir den Oktober 2023 – de Mount soll ëm 1°C ze waarm ausfalen. Och den amerikanesche Laangzäitmodell CFS ass där Meenung, iwwerdeems iwwert de südlechen Deeler vum Kontinent resp. am Mëttelmierraum méi wéi 2°C kéinten erreecht ginn.

Nidderschlagsméisseg rechent den europäesche Modell mat enger positiver Anomalie vun 10 l/m², also net wierklech nennenswäert. Den amerikanesche Modell gesäit déi normal üblech Quantitéiten op eis duerkommen, an de Nopëschlänner rechent en eng negativ Anomalie. Sollt sech déi momentan Grousswiederlag mat dominéierendem Héichdrockafloss weiderhin duerchsetzen, wier d’Léisung vum amerikanesche Modell definitiv méi warscheinlech.

Den Oktober soll also op alle Fall mol ze waarm ausfalen, wat de Reen betrëfft ginn et nach Differenzen an de Modellkaarten. All ze grouss sinn dës allerdéngs net, wat doran kéint resultéieren, dass méi oder manner d’Duerchschnëttswäerter kënnen erreecht ginn.

November 2023

Kaarten: NOAA/EFFIS/ECMWF

An engem meteorologesche November ginnn zu Lëtzebuerg am Duerchschnëtt 5,2°C gemooss, iwwerdeems et 71,7 l/m² Reen/Nidderschlag vum Himmel kommen.

Den europäesche Laangzäitmodell gesäit, genee wéi fir den Oktober och, op e Neits eng positiv Anomalie vun 1°C op eis duerkommen, genee wéi och den amerikaneschen CFS.

Wat de Reen/Nidderschlag ugeet, ginn d’Meenungen erëm auserneen. Den europäesche Modell gesäit fir de November mat enger Anomalie vun 10 l/m² erëm eng liicht positiv Differenz op eis duerkommen, den amerikanesche Modell ass awer mat engem liichten Defizit ënnerwee.

Et gesäit also erëm no engem liicht ze waarme Mount aus, iwwerdeems d’Nidderschléi méi oder manner um Duerchschnëtt sollen ënnerwee sinn.