Wéi ee gutt dobausse spiert, ass de Wanter erëm do. E frësche Bléck an d’Laangzäitmodeller weist, dass och dës hir Meenung an Tëschenzäit geännert hunn. Vun ze waarm ass näischt méi ze gesinn.
Modeller weiderhin um wanterlechen Trip
Dass d’Kuerz- a Mëttelfristmodeller hir Meenunge geännert hunn, dat wësse mir jo schonn. Vun haut un hu mir d’Keelt jo schonn richteg gespiert an hire Berechnunge no geet et och an der neier Woch genee esou virun. Kucke mir doriwwer eraus, also bis Enn Januar, da sinn och d’Laangzäitmodeller mëttlerweil där Meenung, dass wanterlech Zenarien (endlech) méi warscheinlech ginn. Virun e puer Woche ware se nach der Meenung, et géif iwwerduerchschnëttlech waarm ginn. An Tëschenzäit weisen d’Laangzäitmodeller vun den Amerikaner an och den Europäer duerchschnëttlech Temperaturen, wat engem Wanter schonn méi an d’Kaarte spillt.
Mir vergläichden d’Modeller
Fänke mir beim amerikanesche Laangzäitmodell un. Den CFS berechent fir den Januar an Tëschenzäit keng positiv Temperaturanomalie méi, mee neutral Wäerter. Mir kéinten also beim Januar-Duerchschnëtt vun ëm 1,4°C erauskommen. Wa mir eis d’Reenzommen ukucken, da gëtt eis eng liicht positiv Anomalie vu +4,8 l/m² gewisen. Wéi mir jo awer an de leschten Deeg matkritt hunn, huet et op ville Plaze schonn ze vill fir dëse Mount gereent. Déi reell Anomalie wat d’Nidderschléi ugeet wäert also vill méi héich leien.
Kucke mir eis den europäesche Laangzäitmodell un, dann ass och dësen mat den Temperature vun engem iwwerduerchschnëttleche Beräich erof an den duerchschnëttleche Beräich gerutscht. Och wann et net méi weider relevant ass, ass dëse Modell mat enger Nidderschlagsanomalie vu +20 l/m² dobäi.
De Fazit
Och wann d’Nidderschlagsanomalien vun den zwee Modeller net esou wierklech stëmmen, weisen dës trotzdeem, dass de Mount wuel weiderhin zimmlech naass kéint ausfalen. Gekoppelt mat den elo normalen Temperaturen wieren d’Chancen op wanterlech Entwécklungen däitlech besser wéi an de leschte Wanterméint, resp. de Wanterméint aus de leschte Joren. Dohier soll een den Zäitraum vum 15. Januar ganz genee am Aen halen – et gi nämlech och Mëttelfristmodeller, déi deels gréisser Schnéizommen net wëllen ausschléissen.
Wichteg ass awer, dass dëst alles nach ëmmer reng Theorie ass. Fir definitiv vun engem Wanterabroch mat relevantem Schnéi ze schwätzen, ass et nach ze fréi. Mir halen d’Situatioun awer wéi gewinnt wiederhin am Aen.