Gudden Owend! Och haut um Mëttwoch kucke mir eis déi neist Berechnungen a Saache Wand fir Silvester méi genee un.
Advertisement
D’Situatioun
Vum Donneschden/Freiden u solle mir den Effekt vun der momentaner Westwiederlag besser spieren. Et kënnt erëm méi Reen mat an d’Spill, mee virun allem Wand. An de leschten Deeg gouf et ëmmer erëm e puer eenzel méi kräfteg Berechnunge fir den Dag vu Silvester, also den 31. Dezember – dat a Saache Stuerm. Dohier hu mir eis jo zesumme virgeholl gehat, eis reegelméisseg déi neist Berechnungen dozou unzekucken.
Dass vum Samsden bis Neijoer e Stuermdéif vun de britteschen Inselen aus op d’Nordséi zitt, ass zimmlech sécher. Elo muss just nach gekuckt ginn, wéi genee sech d’Wandfeld wäert ausbreeden.
Déi momentan Berechnungen
Kucke mir eis déi neist Berechnungen un. De Stand vu gëschter fannt Dir hei.
Den amerikanesche Wiedermodell rechent domat, dass vum 31. Dezember 2023 géint 12 Auer stramm bis stiermesch Wandstéiss vun ëm 60 km/h ze erwaarde sinn. Am Nomëtte wier e Peak vu 72 km/h ze erwaarden, wat esou just net fir Stuermstéiss duergeet. An der Nuecht op den 1. Januar géif et mat Vitesse vun tëscht 40 an zäitweis 65 km/h lëfteg bleiwen.
Den europäesche Wiedermodell rechent vum spéidere Nomëtten un fir d’Nordhallschent mat den éischte stramme bis stiermesche Wandstéiss vu bis zu 75 km/h. Am fréie Nomëtte wieren an der Nordhallschent bis zu 90 km/h ze erwaarden, iwwerdeems et am Rescht vum Land fir tëscht 60 an 80 km/h soll duergoen. An der Nuecht op den 1. Januar wier generell nach mat stiermesche Wandstéiss vun tëscht 60 a 75 km/h ze rechnen.
Den däitsche Modell ICON-EU gesäit schonn fir de fréie Sonndemoien spierbar bis liicht stiermesch Wandstéiss vun tëscht 50 a 75 km/h. No enger kuerzer Ofschwächung sinn am fréie Nomëtten op e Neits bis tëscht 50 a 70 km/h méiglech. An der Nuecht op den 1. Januar soll de Wand meeschtens ënner 50 km/h ënnerwee sinn.
De Fazit
Vun den ausgesichte Modeller ass just den europäesche Modell deen, deen schwéier Stuermstéiss berechent. Déi aner sinn am stiermesche Beräich ënnerwee, deels kann och mol e Stuermstouss dobäi sinn. Aus aktueller Siicht gesi kann een dovun ausgoen, dass sech déi héchst Vitesse bei ëm 75 km/h kënnen ophalen. Mir halen d’Kaarte weider am Aen.