Lescht Chance: De Koméit C/2020 F3 (Neowise) gëtt ëmmer manner hell

Een, deen de Koméit C/2020 F3 (Neowise) bis elo nach net kucke war an et awer nach gär maache géif, muss sech elo sou lues awer sécher begannen.

Nooste Punkt geschwënn areecht, Koméit gëtt manner hell

Den C/2020 F3 (Neowise) areecht muer, den 23. Juli 2020 mat ongeféier enger Millioun Kilometer déi noosst Distanz zu eiser Äerd. Duerno beweegt e sech mat 77,6 km/s vun eis fort a verschwënnt an der Däischtert vum Weltall. Als Äerdbewunner gesäit een de Neowise eréischt an ongeféier 6.953 Joer erëm – een, deen en elo also verpasst, gesäit e ni méi.

De Koméit war den 3. Juli 2020 der Sonn am noossten. E beweegt sech de Moment ëmmer weider vun der Sonn ewech. D’Unzéiungskraaft an och d’Liicht, dat de Koméit siichtbar mécht, schwächelen. Dat huet als Konsequenz, dass de Neowise an dësen Deeg ëmmer manner gutt ze gesinn ass. Et muss een en de Moment méi laang mam bloussen Aen sichen a wierklech Gedold hunn, fir en ze fannen. Wéi scho gesot, wäert et an de nächsten Deeg a Wochen ëmmer méi schwéier ginn, de Koméit mam bloussen Aen ze kucken. Am längste wäert een e nach mat Hëllef vu Kamera’en a natierlech och Teleskopen gesinn – mat Kameraen awer zimmlech sécher Mëtt August och net méi.

All d’Artiklen, a soumat all d’Informatiounen déi een iwwert de Neowise brauch, fannt Dir ënnert dësem Link.