Lëtzebuerg huet d’Flemm! Wéini erwaart eis mol erëm bessert Wieder?

Dës Woch geet esou lues op en Enn… a wann eis meteorologesch eppes am Kapp bleift, dann ass et dat ongemittlecht Wieder aus de leschten Deeg. Ass dann iwwerhaapt kee Liichtbléck ze gesinn?

Advertisement

D’Modeller schaffen un enger “Léisung”

An dësem Artikel befaasse mir eis engersäits mam verlässleche Previsiounsberäich (2 – 3 Deeg), mee mir beweegen eis och e bëssen an d’Spekulatioun, bei där sech d’Modeller nach net esou richteg eenz sinn. Trotzdeem géif ech gären dësen interessante Bléck an d’Zukunft mat Iech maachen.


De Verlaf vum Wieder bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Also, fir unzefänken: Dëse Weekend kënnt et zwar och zu méi dréchenen Ofschnëtter, an awer leie mir weiderhin ënner Déifdrockafloss. Dat bréngt eis haut um Freide nach e puer vereenzelt Schaueren. Muer um Samsde sinn dagsiwwer och eenzel Schaueren/schwaach Nidderschléi méiglech, de Gros vum Niddersdchlag ass awer weiderhin fir tëscht dem spéidere Nomëtten an Owend programméiert – no Hallefnuecht gëtt et erëm méi dréchen. Fir e Sonnde gesäit et no ville Wolleken aus, schwaach Nidderschléi si méiglech – d’Quantitéite falen awer net grouss aus. Mat e bësse Chance ass och e kuerze sonnege Moment dran. Ugaben zu den anere Parameter wéi beispillsweis d’Temperatur fannt Dir op der Säit fir d’Wiederprognosen.

Vum sécheren an de méi onséchere Beräich

Wéi et de Weekend ofleeft, ass also bis op e puer kleng Détailer zimmlech sécher. Anescht awer d’nächst Woch – virun allem wann een et sech zur Aufgab mécht, no enger Besserung vun eisem Wieder ze sichen. Wat ass de Grond fir dësen Artikel? Ma nach gëschter haten den amerikaneschen an och den europäesche Modell Ofschnëtter mat héijem Loftdrock an hire Berechngungen, wat eis op d’mannst kuerzzäiteg däitlech méi frëndlecht Wieder bruecht hätt. Den ee Modell hat dës Besserung direkt fir den Ufank vun der Woch dran, den anere méi fir d’Mëtt vun der Woch. Elo, um fréie Freidemoie, goufen eis Chancen op eng definitiv Besserung däitlech erofgerechent.


D’Iddi vum amerikanesche Modell fir e Méinden | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Modell gesäit elo fir de Méinden, esou vum fréie Virmëtten bis an déi éischt Hallschent vun der Nuecht op den Dënschden eran d’Warscheinlechkeet vu méi rouegem Wieder. Wa sech de Niwwel dann elo opgeléist kritt, wier et theoretesch wierklech frëndlech duerch vill sonneg Momenter.


D’Iddi vum europäesche Modell fir e Méinden | Grafik: wxcharts.com

Dat klengt alles schéin a gutt, mee den europäesche Modell huet ganz aner Pläng: Dësem no zitt eng Front mat Reen iwwert eis ewech, dat vum Virmëtten un bis an de Nomëtten eran. Un dëser Front géif et dee Moment och net nëmme reenen, mee déi eng oder aner Flack wier och net ausgeschloss. De Moment vun der Besserung huet dëse Modell eréischt vum spéidere Nomëtten un dran, an e géif sech bis an de fréien Dënschdenomëtten eranzéien.

An de Rescht vun der Woch?

Een vun de Modeller hat jo dann och nach d’Iddi vun enger Besserung, déi sech eréischt vun der Mëtt vun der Woch u sollt duerchsetzen. An Tëschenzäit rechent den amerikanesche Modell domat, dass dës Besserung tëscht dem Mëttwochvirmëtten an dem Donneschdemëtte kann optrieden. Den europäesche Modell gesäit allerdéngs fir de selwechten Zäitpunkt Schauerwieder, eréischt vum fréien Donneschdemoien un bis an de Nomëtten wier et méi laang dréchen.


De méigleche Verlaf vum Rescht vun der nächster Woch laut europäeschem Modell | Animatioun: wxcharts.com

Bleiwe mir direkt beim europäesche Modell: Fir de Weekend vum 17. Februar rechent en en Déifdrockgebitt iwwer Skandinavien, iwwerdeems héije Loftdrock iwwert de britteschen Insele läit. Dat géif eis erëm eng kleng Chance vun e puer Flacken op Lëtzebuerg bréngen. Den amerikanesche Modell ass awer op der méi mëller Säit ënnerwee a gesäit, dass sech déi variabel Westwiederlag fortsetze soll.

Vill Theorie, mee wat kann een dann elo doraus schléissen?

Dëse Weekend geet et just liicht besser virun wéi dat, wat mir an de leschten Deeg gesinn hunn. An der neier Woch kann een dovun ausgoen, dass et trotzdem nach zu vill Gerangel duerch Déifdrockafloss kënnt mat e puer méi rouegen Phasen dotëscht. Esou ongemittlech wéi dës Woch sollt et net grad ginn, an awer verschwënnt de Reen net ganz. An dann gëtt et jo erëm eng kleng Warscheinlechkeet fir eenzel Flacken an eppes méi wéi enger Woch – mee dat ass eréischt en Thema fir méi spéit, falls d’Modeller sech net schonn éischter komplett anescht entscheeden.