Lëtzebuerger Grenzregioun: Lokal 70 bis 100 l/m² Reen a kuerzer Zäit um Donneschden

Wéi gefaart koum et gëschter deels esouguer direkt un eiser Grenz zu Iwwerschwemmungen. Betraff war dës Kéier och erëm de Raum Ahrweiler, deen 2021 vun enger Joerhonnertkatastroph heemgesicht gouf – se haten dës Kéier awer méi Chance.

Advertisement

Quasi-stationär Donnerwieder suergen fir markant Iwwerschwemmungen

Gëschter um Donneschden koum et iwwer BeNeLux an Deeler vun Däitschland verdeelt zu e puer eenzelnen, mee dofir immens kräftegen Onwieder. Méi konkret op Däitschland gekuckt waren haaptsächlech Deeler vu Nordrhein-Westfalen betraff, mee och bei eis hei vir an der Äifel ass uerdentlech eppes erofkomm. Och a Rheinland-Pfalz an dem Saarland war et punktuell méi hefteg – d’selwecht awer och an Hessen, dem Nordweste vu Bayern an Deeler vu Baden-Württemberg.


Déi 24-stënneg-Reenzommen fir en Ausschnëtt vu Baden-Württemberg | Radardonnéeën: DWD

D’Onwieder si nëmme ganz knapp un eisem Ländchen laanschtgeschrammt. An der belscher Äifel, bei Büllingen, huet et beispillsweis bis ëm 80 l/m² gereent. D’selwecht och op der däitscher Säit bei Esch/Blankenheim esouwéi awer och am Raum Dahlem koumen änlech Zommen erof, plazeweis esouguer méi. Op enger Sträif vun Hillesheim iwwer Olzheim, Prüm, Arzfeld bis un déi direkt lëtzebuergësch Grenz ass dat nach e puer mol virkomm, och wann et a Richtung Südwesten lues a lues manner ginn ass. Bei dësen Zommen ass et kee Wonner, dass et ganz séier zu Iwwerschwemmunge koum.


Déi 24-stënneg-Reenzommen fir déi däitsch Äifel, inkl. Ahrweiler | Radardonnéeën: DWD

Leider kënnt och mat dobäi, dass och d’Ahrtal erëm betraff war – fir d’lescht gouf den Dall am Joer 2021 vun enger Joerhonnertflut heemgesicht. Dës Kéier koumen tëscht 50 a bal 100 l/m² erof, an dat a kuerzer Zäit. D’Ahr ass erëm geklomm, et koum zu Iwwerschwemmungen. Dës Wiederlag war zwar hefteg, mee bei wäitem net esou zolidd wéi deemools. D’Awunner haten dës Kéier also nach zimmlech Chance.

Schued duerch Iwwerschwemmungen ass dann, wéi gesot, och op anere Plazen opgetrueden. Et war awer ni flächendeckend, mee lokaliséiert de Fall. Nieft dem ville Waasser koumen och Knëppelsteng erof, déi Gréissten vun tëscht 2 a 4 cm am Duerchmiesser erreecht hunn.

D’Onwieder ware viraussobar

Schonn zanter e puer Deeg huet sech an de Wiederkaarte gewisen, dass fir den Donneschde wuel de Risk vun e puer méi kräftegen Donnerwieder besteet, déi duerch en immens luesen Héichtewand och net séier vu Plaz kommen. Den Dag virdrun ass et dunn definitiv gewiescht, dohier konnt ee schonn déi éischt Infoen erausginn.


Déi 24-stënneg-Reenzommen zesumme mat eisem Donnerwieder-Outlook fir gëschter | Grafik: DWD, Météo Boulaide

Eisen Donnerwieder-Outlook vun en Donneschden hat d’Risikogebitt bal genee agegrenzt a mat engem KLENGE RISK versinn. En ERHEICHTE RISK gouf net geholl, well et a Saachen Intensitéit nach zu Onsécherheeten an de Modeller koum – bis zu 40/50 l/m² waren offensichtlech, mee dat duebelt dovun war just doduerch méiglech, dass sech iwwert der selwechter Plaz ëmmer erëm nei Zellen forméiert hunn. Och d’räimlech Ausdeenung huet eng Roll gespillt, d’Onwieder ware nämlech ganz punktuell virgesinn, wat se och waren. Vun der Intensitéit hier hätt een also kënnen e méi héije Risk ausruffen, mee op d’mannst ass de Risikoberäich fréi genuch bekannt gewiescht, mat exakter Grenz iwwert dem Norde vu Lëtzebuerg.