LIVESTREAM: Déi nächst 60 Starlink- Satellitte ginn an de Weltall geschoss

An de leschten Deeg hu se fir vill Gespréichsstoff gesuergt: dem Elon Musk (SpaceX) séng Starlink- Satellitten – an dat, obwuel déi éischt Satellitte schon zanter dem 24. Mee 2019 an der Äerdëmlafbunn sinn.

Launch um 21:30 Auer eiser Zäit

De Mëttwochowend (also haut) um 19:30 Auer GMT – 21:30 Auer eiser Zäit – plangt SpaceX 60 weider Starlink- Satellitten an de Äerdorbit ze schéissen. Dat wéi üblech mat enger Falcon 9 Rakéit.

Bis ewell si 6 Sätz (Batches) u Satellitten am Weltall ausgesat ginn. De siwente Saz, deen also haut den Owend eropgeschoss gëtt, erhéicht d’Unzuel vun de bis ewell aktive Satellitte vun 357 op 417 Stéck.

Déi ganz Missioun kënnt Dir ënnert dësem Link matverfollegen.

Livestream ca 15. Minutte virum Launch online