Liveticker: D’Donnerwiederlag haut um Freiden iwwer BeNeLux & Däitschland

Wëllkomm am Liveticker fir d’Donnerwiederlag, déi haut alt erëm gréisser Deeler vu BeNeLux, Frankräich an Däitschland betreffe wäert. Dës Säit gëtt all 2 Minutten automatesch aktualiséiert.

20.05.2022 – 19:35

+++ Aktuell: Donnerwiederlinn iwwer Nordostfrankräich +++
20.05.2022 – 19:35

Iwwer Nordostfrankräich huet sech an Tëschenzäit eng Donnerwiederlinn forméiert. Tëscht Toul an Neufchâteau läit eng potenziell Superzell. Dës Linn beweegt sech an de nächste Minutten a Stonnen a Baden-Württemberg eran a kann do fir weider Onwieder suergen.

Bei eis zu Lëtzebuerg sollt et, bis op e puer eenzel Schaueren mat eventuell mol engem klengen Dimmer, vun elo un roueg bleiwen.

Villmools Merci fir Är Opmierksamkeet an de leschten Deeg, besonnesch un déi, déi sech extra Zäit geholl hunn an alles duerchgelies hunn, fir Mëssverständnisser ze vermeiden.

Radar: meteociel.fr

20.05.2022 – 18:24

+++ Donnerwieder aus der Belsch +++
20.05.2022 – 18:24

Bei Arel läit e klengt Donnerwieder mat Staarkreen, wat sech op Sterpenich, Septfontaines, Schoenfels, Schouweiler a Mamer zoubeweegt.

Radar: meteociel.fr

20.05.2022 – 18:12

Video vum Tornado, deen matten duerch Paderborn gezunn ass!

20.05.2022 – 18:06

+++ Aktuell: Kräftegt Donnerwieder mat Knëppelsteng südlech vun eis +++
20.05.2022 – 18:06

Südlech vu Lëtzebuerg ass grad en Donnerwieder aktiv, dat am Raum Verdun, Jarny an zitt op Thionville an Amnéville duer. Et zitt a Richtung Nordosten a sollt esou just un der südëstlecher Lëtz/Fra Grenz laanschtschrammen. Sollt sech dat änneren, da gitt Dir dat gewuer.

Dëst Donnerwieder weist méiglecherweis och superzellulär Charakteristiken op. Gréisser Knëppelsteng sinn also warscheinlech.

Radar: meteociel.fr

20.05.2022 – 17:34

Weideren Tornadovideo vu Paderborn!

Video via Twitter

20.05.2022 – 17:26

Biller vu lëtzebuerger Zeien déi de Moment zu Lippstadt sinn, wou virun e puer Minutten en Tornado duerchgezunn ass.

20.05.2022 – 17:18

Am Reen verstoppen Tornado zu Lippstadt, Nordrhein Westfalen. Niewebäi gëtt et de Moment och e méiglechen Tornado am Raum Paderborn. D’Potenzial weist sech also elo richteg iwwer Daitschland.

Video via Twitter

20.05.2022 – 17:05

+++ Nei Schliet aus Westen +++
20.05.2022 – 17:05

Aus Weste kommen elo weider Zellen op, déi awer manner intensiv ausgesinn wéi dat, wat virun enger Zäitchen iwwert de Nordwesten a Norde vum Land gezunn ass. Sollt sech eppes un der Intensitéit ännere, gitt Dir dat natierlech gewuer.

Och ze gesinn: Châlons-en-Champagne mat enger potenzieller Superzell, wéi och schonn eng de Mëtten am äusserste Norden aktiv war an och virun enger gudder hallwer Stonn iwwert der Mëtt vu Lëtzebuerg. Den Tornado Risk ass also definitiv do, et gëtt net ouni Grond esou betount.

De Risk zitt sech elo virun allem iwwert d’Mëtt vun Däitschland.

Radar: meteociel.fr

20.05.2022 – 16:47

Tornado-Risk weiderhin erhéicht un der Zell déi bei Buerschent läit. Hook Echo ëmmer nach bestänneg um Radar.

Quell: https://kachelmannwetter.com/lu/regenradar/diekirch/20220520-1440z.html

20.05.2022 – 16:26

Hiweis: tëscht der Grenz zu der Belsch, Bauschelt, Brattert a Réiden zeechent sech de Moment en “Hook Echo” um Radar of, wat en Indice fir Rotatioun ass. Dat heescht, dass den Tornadorisk liicht erhéicht ass. Wann iergendeen Fotoen huet vun de Wollekeformatioune, sinn dës natierlech gär wëllkomm.

Quell: https://kachelmannwetter.com/lu/regenradar/diekirch/20220520-1420z.html”>https://kachelmannwetter.com/lu/regenradar/diekirch/20220520-1420z.html

20.05.2022 – 15:48

+++ Opgepasst: System forméiert sech westlech vun eis +++
20.05.2022 – 15:48

Westlech vu Lëtzebuerg, tëscht Charleville-Mézières, Virton a Libramont Chevigny, schéngt sech elo en Donnerwiedersystem ze forméieren. Dësen erreecht eist Land an Zäit vun de nächsten +/-30 bis 45 Minutten.
Et kann elo séier an den Onwiederberäich goe, war mir Pech hunn.

Ech hunn d’Warnstuf ORANGE fir dat ganzt Land aktivéiert.

Radar: meteociel.fr

20.05.2022 – 15:08

+++ Aktuell: De momentane Stand +++
20.05.2022 – 15:08

Nach huet sech d’Aktivitéit bis ewell ronderëm Lëtzebuerg a Grenze gehalen. D’Donnerwiederzell, déi géint 14:20 Auer an de Nordwesten eragezu war, ass erëm séier a sech zesummegefall.

De nächste Versuch woot elo eng Zell bei Libramont Chevigny, déi op d’Nordspëtzt vum Land duerzitt. D’Fro ass elo, ob dës sech verstäerke wäert, oder ob se sech erëm kuerz virdrun ausreent.

En Haaptpunkt vum Interessi befënnt sech de Moment am gréissere giel markéierte Beräich op enger Sträif vu bal Bréissel bis erof op Reims. Aktuell Satellittebiller loosse vermudden, dass do sech de Moment amgaange sinn, nei Donnerwiederzellen ze forméieren, mam Potenzial vun enger Linn déi sech forméiere kann. Ob dëst geschitt oder net, muss genee am Aen gehal ginn. Wann jo, dann kann d’Onwiederpotenzial ëmgesat ginn. Wa net, da kann et sinn, dass et eréischt geschitt wa se Lëtzebuerg passéiert huet.

Et bleift spannend.

Radar: meteociel.fr

20.05.2022 – 13:49

+++ Donnerwieder zitt op Lëtzebuerg duer +++
20.05.2022 – 13:49

Bei Charleville-Mézières huet sech en Donnerwieder entwéckelt, wat de Moment a Richtung Nordoste virunzitt. Wann et déi Richtung bäihält, erreecht et an Zäit vun de nächsten ongeféier 30 bis 45 Minutten de Westen an de Nordweste vum Land.

Hannendru forméiere sech ëmmer méi Zellen, eng läit bei Laon an déi aner bei Noyon. Och dës kéinten am Laf vun der Zäit interessant fir eis ginn.

Radar: meteociel.fr

20.05.2022 – 12:32

+++ Aktuell: Ufank vun zolitten Entwécklungen iwwer Frankräich +++
20.05.2022 – 12:32

D’Déif ass e Stéck weider an de Nordoste viru komm an huet eis u senger Waarmfront vill Wolleken an och eenzel Schauere bruecht. Dëst huet awer nach näischt mam Onwiederrisk vun haut um Hutt.
Op der Kaart, am orange Beräich, gesidd Dir deen Beräich, an deem sech an de nächste Stonnen alles forméiere wäert. Do ënne schéngt d’Sonn nach riicht rof op déi schmeierwaarm Loftmassen, d’Atmosphär ass gelueden. Entwécklunge vun zolitten Zellen, deels och éischte Superzelle, si méiglech.

Mat dobäi koumen elo Modellrechnungen, déi et tendenziell méi wäit südlech rechne wéi virdrun, wat och net déi bescht Aussiichten dann fir Lëtzebuerg wieren. Egal wéi et kënnt, hei an och an der GRATIS App gitt Dir zäitno um Lafende gehalen.

Radar: meteociel.fr

20.05.2022 – 10:38

+++ Aktuell: System forméiert sech +++
20.05.2022 – 10:38

Op dësem Radarbild hunn ech Iech den ongeféieren Zentrum vum Donnerwiederdéif gekennzeecht an och, wou et an de nächste Stonnen hinzitt. Deen Beräich am orange Gestréchelten ass geneestens am Aen ze halen, well sech an dësem am Verlaf vum Dag déi zolitt Entwécklunge kënnen erginn.

Fir de Rescht sinn ëmmer nach e puer Schaueren an eenzel Donnerwieder aus dem waarme Beräich vum Déif an eis Géigenden ënnerwee. Net wonneren also, wann et geschwënn e bësse naass gëtt oder op mannst méi wollekeg.

Radar: meteociel.fr

20.05.2022 – 09:28

+++ Aktuell: Iwwer Frankräich deet sech eppes +++
20.05.2022 – 09:28

Wëllkomm am Nowcasting!
Wéi och korrekt vun de Modeller ageschat, forméiere sech de Moment op der waarmer Säit vum ugekënnegten Déif déi éischt Nidderschléi a Form vu méi kräftege Schaueren mee awer och Donnerwieder. Dës erstrecke sech de Moment vun enger Sträif vun Troyes eriwwer iwwer Paräis bis erof op Le Mans a nach méi wäit an de Südwesten eran.
Mam erreeche vun dëser Front kann et bei eis schonn zu e puer Dimmere kommen, déi och schonn méi kräfteg kënne ginn. Déi richteg “Magie” geschitt awer do, wou sech d’Kalfront forméiere wäert – an deen Beräich gesi mir lo nach net hei op dësem Radarbild, dat entwéckelt sech mol nach eréischt.

Ech halen Iech um Lafenden.

Radar: meteociel.fr