Liveticker zu de méiglechen Donnerwieder an der Nuecht op den Donneschden

Mol erëm eng Kéier kommen Donnerwieder aus Frankräich eropgezunn. A wéifern Lëtzebuerg dovu wäert betraff sinn, fanne mir den Owend zesummen an dësem Liveticker eraus. Des Säit aktualiséiert sech all 2 Minutten automatesch.

08.09.2022 – 02:21

08.09.2022 – 02:21

De Reen ass an Tëschenzäit am Land ukomm. Et handelt sech dobäi mëttlerweil just nach ëm normale Landreen, eppes warnrelevantes ass also net um Wierk.

Falls sech dat ännere sollt, mellen ech mech nach eng Kéier. Ech denken awer éischter, dass dat net de Fall wäert sinn.

Radar: meteociel.fr

08.09.2022 – 00:27§

+++ Aktuell: Et huet sech e gréissert Reegebitt forméiert +++

Et huet sech mëttlerweil e gréissert Reegebitt forméiert, wat lues awer sécher op Lëtzebuerg gezu kënnt. Am weidere Verlaf vun der Nuecht muss also wärend e puer Stonne mat Dauerreen gerechent ginn, wann d’Intensitéit wärend dem Passage net ofhëlt. Esou kann et dann mol sinn, dass et punktuell zu gréissere Reenzomme kënnt.

Dat engt oder anert Donnerwieder kann och virkommen, spillt awer éischter déi zweet Gei. Dat eenzegt, wat punktuell warnrelevant ka ginn, sinn eben d’Reequantitéiten.

Radar: meteociel.fr

07.09.2022 – 23:13

+++ Den aktuelle Stand: Reen ass ënnerwee +++

An Tëschenzäit huet sech de méi intensiven Deel méi wäit ëstlech verlagert, soudass dësen am Laf vun de nächste Stonnen héchstens nach fir d’Muselgéigend kéint relevant ginn oder och just d’Saarland.
Fir de Rescht ass wuel sécher Reen op Lëtzebuerg ënnerwee. Reen, dee just punktuell méi kräfteg ausfale kann – de Moment handelt et sech also gréisstendeels ëm normale flächege Reen, deen der Natur sécherlech gutt deet.

Mee nach ass dat Ganzt net hei, et ka sech also nach e bëssen eppes änneren. Erwaart Iech awer elo net ze vill dovun.

Radar: meteociel.fr

07.09.2022 – 21:39

+++ Aktuelle Stand: Et huet sech eppes entwéckelt +++

Iwwer Frankräich huet sech an engem Beräich, deen fir eis relevant ass, eppes forméiert resp. et ass amgaange, sech eppes ze forméieren. Et handelt sech dobäi ëm Donnerwieder mat méisseger Intensitéit, dobäi ass Staarkreen d’Haapt-Aemierk.

Am weidere Verlaf vun de Stonnen zitt dëst a Richtung Nordoste virun, duerch d’Dréibeweegung vum Déif, un där d’Front hänkt, spéiderhin tendenziell och méi wäit nord-nordëstlech. Et géif Lëtzebuerg also am Laf vun der Nuecht erreechen, wa sech näischt signifikantes méi ännert. Dat heescht, dass et punktuell zu Warnrelevantem komme kann, mee nach laang NET iwwerall.

Radar: meteociel.fr

07.09.2022 – 19:19

+++ Den aktuelle Stand: Zwou Zonen +++
07.09.2022 – 19:19
Gudden Owend! De Moment gëtt et, wéi virausgesot, eng Zon iwwert dem ëstleche Frankräich an där de Moment zimmlech zolitt Donnerwieder aktiv sinn. Iwwerschwemmungen, gréisser Knëppelsteng a Stuermstéiss gi gemellt.

Déi aner Zon läit iwwert dem Weste vu Frankräich, bei där just de nërdlechen Deel aktuell blëtzaktiv ass. Den Deel, deen fir eis interessant ka ginn, ass de méi südlechen. De Modeller no kënnt dat jo souwisou eréischt am Laf vun der Nuecht bei eis un, wat heescht, dass nach genuch Zäit do ass, fir dass sech do nach Saache forméieren.

Den Haaptrisiko dobäi ass Staarkreen a gréisser Quantitéiten an Zäit vun e puer Stonnen. Mee w.e.g verstitt: Lëtzebuerg ass am Verglach mat der ganzer Situatioun nëmmen esou grouss wéi e Sandkär. Et ka kee Mënsch soen, ob eis just de normale Reen erreecht oder ob tatsächlech eng warnrelevant Situatioun optriede wäert. Et ass ëmmer nach Meteorologie a näischt, wat esou sécher ass wéi 2+2. Et kann een bei esou Situatioune nëmme vun engem Potenzial schwätzen, dat ass leider esou.

Radar: meteociel.fr