Liveticker zu de potenziellen Donnerwieder um Méinden

Trotz limitéiertem Risiko iwwert eise Géigenden ass d’Warscheinlechkeet fir en Donnerwieder mat zolittem Staarkreen net null. Dës Säit gëtt all 2 Minutten automatesch aktualiséiert.

23.05.2022 – 18:45

+++ Aktuell: Donnerwiederrisk verlagert sech aus Lëtzebuerg eraus +++
23.05.2022 – 18:45

Nodeems et an der leschter Stonn plazeweis méi zolitt gereent huet, kënnt et elo nach zu e puer Rescht-Schaueren. Den Donnerwiederrisk geet ëmmer méi wäit zréck, et sollt eis elo also wäitgoend näischt usazweis warnrelevantes méi ustoen.

D’Donnerwiederaktivitéit verlagert sech elo an Däitschland eran, besonnesch iwwer Baden Württemberg an dem südleche Bayern geet et plazeweis méi uerg zou, wat sech an de nächste Stonnen och net ännere wäert. Knëppelsteng bis 4 cm am Duerchmiesser, lokal esouguer 5, schwéier Stuermstéiss an extreme Staarkreen sinn ugekënnegt. Ganz verdingt en ERH-Risk, wéi am Convective Outlook de Moie betount.

Radar: meteociel.fr

23.05.2022 – 17:41

+++ Schauerlinn mat Blëtz an Donner aus Westen +++
23.05.2022 – 17:41

Op enger Sträif vu Saint Hubert iwwer Libramont-Chevigny bis erof op Neufchâteau, Léglise an Tintigny läit eng Linn bestoend aus Staarkreen an och engem Donnerwieder. Dës ass a Richtung Nordosten ënnerwee a wäert geschwënn de Nordwesten an dann de Norde vum Land erreechen.

Och um weidere Wee kann et haaptsächlech zu Staarkreen kommen, begleet vu Blëtz an Donner. Signaler fir Knëppelsteng ginn et keng, mee spontan ass dat awer lokal begrenzt nach machbar, genee wéi och mol kräfteg Wandstéiss.

Radar: RadarOmega

23.05.2022 – 16:26

+++ Aktuell: Ëmmer méi Reen mecht sech breet +++
23.05.2022 – 16:26

Aus südwestleche Richtunge fënnt ëmmer méi Reen säi Wee op Lëtzebuerg, dat och mol mat Blëtz an Donner. En Donnerwieder hu mir de Moment op enger Sträif vu Nidderkuer bis eriwwer op Nidderaanven leien, lokal begrenzt si kleng Knëppelsteng net ausgeschloss.

Fi de Rescht hu mir weider méi kräfteg Donnerwiederzellen déi an de nächste Minutten aus der Belsch an de Westen a Nordweste vum Land eranzéie kënnen, bei deenen et och haaptsächlech zu Staarkreen kënnt – deemno wéi punktuell zu klenge Knëppelsteng. Och op anere Plazen am Land si spontan Entwécklunge méiglech.

Och aus Frankräich kënnt nach e bësse Reen no, deemno wéi ëmmer nach mat e puer Donnerwieder duerchsat. Dës kënne lokal méi zolitt sinn, mee eng geféierlech Onwiedersituatioun ass de Moment keng op de Radarbiller ze gesinn.

Radar: meteociel.fr

23.05.2022 – 15:18

+++ Reen verdeelt sech iwwert dem Land +++
23.05.2022 – 15:18
Méi kräftege Reen, och mol mat Donner a Blëtz versat, verdeelt sech iwwert dem Land. Nëmme punktuell erreecht d’Intensitéit mol d’Schwell vun enger gieler Wiederwarnung, meeschtens hält et sech also a Grenzen.
Aktuell Warnungen: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/

Aus Frankräich kann am Laf vum Dag nach eppes nokommen. Well de Risk vu méi kräftegen Evenementer net null ass, halen ech dat Ganzt einfach weider fir Iech am Bléck. 😉

Radar: meteociel.fr

23.05.2022 – 14:40

+++ Weider Staarkreenschaueren & eenzel Wiederen aus Süden +++
23.05.2022 – 14:40

Iwwert dem Norden a Nordoste vu Frankräich hu sech an de leschte Minutte weider Donnerwieder forméiert, inklusiv Staarkreen.
Eng esou eng Zell befënnt sech de Moment zu Messancy, mee och an der Stauséigemeng souwéi och am Raum Leideleng reent et de Moment punktuell méi kräfteg.

Bleift ofzewaarden ob am Laf vum Dag nach eppes aus Frankräich nokënnt, wat eventuell enger akuter Wiederwarnung nokënnt. De Risk vu Staarkreen mat lokalen Iwwerschwemmungen ass nämlech present, mee net besonnesch héich.

Radar: meteociel.fr

23.05.2022 – 13:40

+++ Aktuell: Laang ersehnt Schaueren zéien duerch, punktuell Wiederen +++
23.05.2022 – 13:40

Bis ewell hate mir et ueschert Land mat normalem Reen ze dinn, just punktuell huet et dann och mol méi kräfteg gereent, wéi z.B ganz am Westen am Raum Simmern.
Iwwert dem Norde vu Frankräich entwéckle sech weider Schaueren, déi zu Donnerwieder uwuesse kënnen. Alles an allem sief awer erëm gesot, dass mir haut net am Haaptrisikogebitt leien a sech dohier alles vun der Intensitéit hier a Grenzen hale wäert, just an Ausnamefäll kann sech dat änneren.

Dohier halen ech Iech weider um Lafenden.

Kaart: blitzortung.org