An dësem Artikel fannt Dir lafend nei Informatiounen iwwert d’Donnerwiederlag haut um Donneschden.
20.06.2024 – 21:25
Hei nach zwou spektakulär Fotoen, déi de Criss haut am Raum Perl-Besch gemaach huet! Op der zweeter Foto gesi mir, wéi déif d’Rotatiounsbasis (Wallcloud) deels um Buedem war. All Grond fir eis Tornadowarnung 🌪
20.06.2024 – 20:02
An Tëschenzäit ass d’Land Nidderschlags- a warnfräi! Dat war elo kuerz e méi intensive Moment am Südoste vum Land. Am Raum Ellange bei Réimech gouf eng markant Superzell beobacht, bei där déi rotéierend Wollekebasis ganz no iwwert de Buedem geschlaff huet. Verschidde Fotoe weisen och Triichterwolleken.
Genee dës Zellen sinn de Grond fir Tornadowarnungen. An dësem Fall hei war e kloren Indice um Radar an et koume Beobachtungen eran, déi op eng kloer imminent Gefor schléissen. Bis ewell ass zwar näischt iwwert en Touchdown bekannt, mee et war drop an drun. Ech si gespaant, ob net nach Meldunge nokommen.
Eng weider Zirkulatioun gouf et am Raum Konsdref. Fotoe no war hei eng kleng LP (Low Precipitation)-Superzell um Wierk.
Dëst war en éischte groussen an erfollegräichen Test fir eise Warnsystem, well d’Gefor fréizäiteg konnt erkannt an op lokaler Basis ermëttelt ginn.
Aktuell ass näischt méi ënnerwee – mee wa sech dat ännert, gitt Dir dat gewuer. 😁
Stand: 20.06.2024 – 20:02
20.06.2024 – 19:13
D’Superzell zitt elo séier a Richtung Gréiwemaacher! Opgepasst: Se huet eng déifhänkend Wallcloud, en Tornado ass méiglech!
Stand: 20.06.2024 – 19:13
SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/
20.06.2024 – 18:56
A Richtung Ellange, Wellesteen gouf eng déifhänkend Wallcloud beobacht mat Funnelcloud. Radardonnéeë weise kloer Rotatioun. Dëst heescht NET, dass en Tornado um Buedem ass. Dëst heescht, dass bei aktuelle Konditiounen awer een entstoe kann.
Är Biller a Videoe sinn elo ganz wichteg, mee bréngt Iech net a Gefor.
Stand: 20.06.2024 – 18:56
20.06.2024 – 18:38
Wéi gesot, ass d’Superzell immens kleng an isoléiert. Se läit aktuell kuerz viru Rodemack an ass op Mondorf ënnerwee, an duerno viraussiichtlech op Réimech/Besch. Se bréngt gréisser Knëppelsteng, Staarkreen a potenziell Stuermstéiss mat sech. D’Rotatioun ass och nennenswäert.
All déi aner ronderëm erliewen héchstens e bësse normale Reen.
Radar: meteociel
SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/
Stand: 20.06.2024 – 18:38
20.06.2024 – 17:41
D’Donnerwiederzell kënnt esou lues am äusserste Süden un an zitt deemnächst iwwert de Südosten ewech, inkl. Ëmgéigenden Dalheim, Remerschen, Mondorf les Bains, Réimech, Medingen, Contern. Um weidere Verlaf wier de Raum Lenningen an déi däitsch Säit direkt. Wann et duerchhält, ass op dëse Plazen mat Stuermstéiss, gréissere Knëppelsteng a kräftegem Reen ze rechnen. Punktuell si kuerzzäiteg Iwwerschwemmunge net ausgeschloss.
Détailer am SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/
Stand: 20.06.2024 – 18:12
20.06.2024 – 17:41
Eng isoléiert Superzell läit nordwestlech vu Jarny an zitt op de Südoste vum Land duer. Se weist aktuell Hiwieser op stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss, mee awer och zolitte Nidderschléi inkl. Knëppelsteng.
Hiweis: Et ass just direkt ënnert der Zell warnrelevant. Onmëttelbar ronderëm geschitt guer näischt. Eng Superzell ass en Donnerwieder mat rotéierendem Opwand an huet net onbedingt eppes iwwert d’Stäerkt auszesoen – et ass einfach eng Zort Donnerwieder.
Détailer am SkyWatch: https://meteoboulaide.com/onwiederwarnungen/
Stand: 20.06.2024 – 17:41
20.06.2024 – 16:59
Südlech vu Lëtzebuerg, an enger Sträif vun Bouligny bis erof op Sampigny, leien dräi kleng Superzellen – also Donnerwieder, déi rotéieren. Zumools déi an der Mëtt huet de Moment déi stabilst Rotatioun. Se si weider a Richtung Nordosten ënnerwee, wäerten also warscheinlech bei eis am Land ukommen. Et ka sech awer nach bal eng Stonn strecken, well se deels “schläifen”. Dat ass och en Indice op gréisser Reenzommen a kuerzer Zäit.
Radar: meteociel.fr
Stand: 20.06.2024 – 16:57
20.06.2024 – 16:04
Do, wou d’Zelle vun eisem Interessi leien, iwwerlappe sech immens héich buedemno Taupunkten (deels >20°C) an eng gutt Wandscherung. Kee Wonner, dass d’Zellen tatsächlech Rotatioun opweisen (gutt un de Kréngelen ze erkennen). Dës zéie riicht op Lëtzebuerg duer. Hir Intensitéit muss am Aen gehale ginn.
Radar: meteociel.fr
Stand: 20.06.2024 – 16:04
20.06.2024 – 14:39
Erausginn: Donneschden, 20. Juni 2024 14:39
Gëlteg vun: Donneschden, 20. Juni 2024 14:39
Gëlteg bis: Freiden, 21. Juni 2024 00:00
Baséierend op den aktuelle Radarbiller a Kuerzfristmodeller beweege sech d’Donnerwieder, déi am Raum Troyes leien, op Lëtzebuerg duer. Dës Donnerwieder kënne PUNKTUELL kräfteg bis zolidd ausfalen, dat besonnesch a Saache Reen. Niewebäi kënnen ënnert de kräftegsten Zelle, falls superzelluläre Charakter, och Knëppelsteng vun 1 bis 3 cm am Duerchmiesser optrieden. Den Tornado-Risk wier an dësem Fall och liicht erhéicht. Mee wéi gesot: Dës Zellen trieden am markéierte Beräich an de nächste Stonne just PUNKTUELL op, net jiddereen trëfft et.
Hiweis: Ënnert enger Virwarnung versteet een, dass d’Konditiounen innerhalb an/oder ronderëmt déi agezeechent Géigenden favorabel sinn warnrelevant Wiedergeforen. Et kënne sech awer nach Eenzelheeten wéi Intensitéit an Zuchrichtung änneren.
20.06.2024 – 14:15
Am Donnerwieder-Outlook markéierte Gebitt forméiere sech déi éischt Donnerwieder. Op dëser Grafik hale mir de grénge Beräich am Aen, well deen fir eis am relevantesten ass. Déi nei Modellrechnunge sinn erëm e bësse méi “optimistesch” a Saache superzellulär Entwécklungen, déi an eis Géigende kënnen eropgezu kommen.
Hei komme lafend Updates! ⛈
Radar: meteociel.fr
Stand: 20.06.2024 – 14:15
20.06.2024 – 07:14
Reschter vun Donnerwieder, déi an der Nuecht iwwer Frankräich aktiv waren, sinn de Moment a Richtung Saarland ënnerwee – och den äusserste Südoste vun eisem Land géif eppes dovu matkréien, mee de nach aktivsten Deel soll viraussiichtlech esou just op däitscher Säit laanschtschrammen. Am Fokus si kräftege Reen an e puer Wandstéiss.
Stand: 20.06.2024 – 07:14