Mallorca: Meteotsunami iwwerschwemmt Norde vun der Insel

Am Norde vu Mallorca koum et um Méindemoien zu engem besonnëge meteorologësche Schauspill, waat sech a Form vun enger Flutwell bemierkbar gemaach huet.

Meteotsunami trëfft Port d’Alcudia


Géint 09:15 Auer de Méindevirmëtte koum et um Port d’Alcudia zu engem Meteotsunami. Och wann “Tsunami” am Numm steet, ass et awer net wierklech een. Amplaatz duerch vulkanesch oder seismesch Aktivitéit entsteet e Meteotsunami duerch Schwankunge vum Loftdrock oder duerch kräftëge Wand, dee vun engem Donnerwieder um Mier ausgeet.

An dësem Fall koum en duerch séier Loftdrockënnerscheeder zustaanen – wann de Loftdrock fällt, da klëmmt de Mieresspigel. Klëmmt den Drock rem, da fällt de Niveau vum Waasser. Wann dëse Prozess a kuerzer Zäit stattfënnt, da kënnt et zu enger klenger Flutwell, déi awer net mat deene vun engem richtëgen Tsunami ze verglaichen ass.

Em gutt annerhalwe Meter ass d’Waasser um Méindemoie geklomme, Medieberichter no gouf awer kee blesséiert.

Kee rart Phänomen

E Meteotsunami, op de Balearen och “Rissaga” genannt, ass kee rart Naturphänomen. An de Joere 1984 an 2006 koum et zu ähnleche Situatioune, bei deene leider Blesséierter an och en Doudesfall ze bekloe waren.

Iwwrëgens:

Zu Malta gëtt e Meteotsunami “Milghuba”, zu Flume “Stigazzi”, op Sizilien “Marrubio” an a Japan “Yota” oder “Abiki” genannt. Och an der Nord- souwéi Ostséi kann dëst Phänomen optrieden, ass awer e bessi méi seelen. E gëtt do och als sougënannte “Seebär” bezeechent.