Maximum vun de Perseiden: Ëm 100 Stäreschnäizen d’Stonn huschen iwwert den Himmel

Am August ass d’Zäit vun de Perseiden. Et ass een vun de schéinste Meteorstréim vum Joer, fir deen et sech souguer lount, méi laang wakrech ze bleiwen oder méi fréi opzestoen.

Maximum am August

De Meteorstroum vun de Perseiden ass all Joer tëscht dem 11. Juli an dem 24. August aktiv. En areecht säi Maximum an der Nuecht op den 13. August.

De Meteorstroum huet de Numm Perseiden, well se aus dem Stärebild Perseus ze fale schéngen. An de Nuechten, dorënner och déi op den 13. August, wärt dëst Stärebild ëmmer méi héich an den Himmel zéien, wouduerch een de Stroum ëmmer besser beobachte kann.

Entstéiung

All Joer am Juli/August duerchflitt d’Ärd d’Stëbswolléck oder de Schweif, deen de Koméit 109P/Swift-Tuttle hannert sech zitt. Stëbskären an aner Partiklen treffe mat enger Vitesse vun 215’000 Kilometer an der Stonn op d’Ärdatmosphär an där se uschléissend vergléien. Hei um Buedem gëtt dëse Prozess als Stäreschnäiz siichtbar. Heiansdo kënnen d’Schnäizen och mol méi grouss ginn, daat sinn dann sougenannt Boliden. Dës grouss Feierbäll kënnen ënner Ëmstänn méi hell wéi de Mound ginn an zéien oft e schéine Schweif hannert sëch, daat gären och mol iwwert den hallwen Himmel.

Observatioun

De Maximum vun de Perseiden ass, wéi gesoot, an der Nuecht op den 13. August. E fänkt den 12. August tëscht 15 an 18 Auer un an zitt sech bis Moies fréi, ongeféier dann, wann ee gesäit dass et scho liicht méi hell gëtt.

Fir se gutt beobachten ze kënnen, soll een, soubaal et däischter ass, a Richtung Nordoste kucken. Do befënnt sech nämlech d’Stärebild Perseus. Déi bescht Zäit fir sou vill Stäreschnäize wéi méiglech ze observéieren ass kuerz virum Sonnenopgang, well d’Stärebild dann am héchste steet. Iwwerdeems soss oft vun iwwer 100 Exemplarer d’Stonn geschwat gëtt, ass dat dëst Joer e bëssen anescht. Der Wiener Arbeitsgemeinschaft für Astronomie no wieren 30 Exemplarer eng wäitaus méi realistesch Zuel. Theoretesch géif d’Unzuel a Richtung fréie Moien op bis zu 100 Exemplarer an d’Luucht goe, mee duerch den helle Mound ass ze erwaarden, dass et der manner wäerte sinn. Sicht Iech am beschten eng Plaatz wäit außerhalb vun engem Duerf, wou een wäit an all Richtunge kucke kann. Verschidde Stäreschnäize wärte sech net nëmmen am Beräich vum Perseus ophaalen, mee kënnen och wäit dovunner ewech iwwert den Himmel sausen. Wa Dir wäit vun engem Duerf erausgitt hudd Dir och nach de Virdeel, keng gréisser Liichtverschmotzung ze hunn wouduerch d’Koditioune fir ze kucken däitlech méi schlecht wieren.

D’Wieder

An der Nuecht vum Maximum ass mat e puer Wolleken ze rechnen. Dotëscht sollt awer och mol de Bléck an d’Stäre méiglech sinn.