Medicane am Mëttelmier

Iwwerdeems ët bei eis gréisstendeels rouëg ass, gesäit ët am östleche Mëttelmier ganz aneschters aus. E Medicane wärt do säin Onwiesen dreiwen.

Ähnlech wéi en Tropestuerm

E Medicane (mediterranean hurricane) ass e Stuermdéif, waat ähnlech Eegeschafte wéi e Tropestuerm huet. Dës kënne souguer en Aen am Zentrum forméieren. De Modellrechnunge no wärt sëch de Mëtten zwëschen Italien a Griecheland souee Stuerm forméieren.

Berechent gi Wandspëtzten vun ëm déi 120 km/h. Daat sollt awer nach nët alles sinn – dem Wiedermodell ARPEGE no kéint sëch de Wand bis de Sonndën op bis zu 230 km/h verstärken, waat engem Hurrikan vun der zweeter Stuf op der Saffir-Simpson Skala entsprieche géif. Ët ass also mat gréissere Schied ze rechnen, wann dës Berechnunge zoutreffen.


Grafik: WXCHARTS.eu

Um Mëttelmier selwer zwëschen Italien a Griecheland muss bis de Sonndën mat iwwer 150 l/m² Reen gerechent ginn. Och Deeler vu Griecheland musse sëch op iwwer 100 l/m² astellen.


Grafik: WXCHARTS.eu